Louis-Ferdinand Fix

Belschen Offizéier

De Louis-Ferdinand Fix, gebuer den 3. September 1829 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 29. Mäerz 1893 zu Washington D.C., war e lëtzebuergeschen, spéider US-amerikanesche Beruffszaldot. Hien huet an den Arméien, resp. der Marinn, vun der Belsch, vum Däitsche Bond, vum Giuseppe Garibaldi senge Routhiemer a vun den Unionisten am Amerikanesche Biergerkrich gedéngt.

Louis-Ferdinand Fix
Gebuer 3. September 1829
Lëtzebuerg
Gestuerwen 29. Mäerz 1893
Washington
Nationalitéit Lëtzebuerg, Belsch, USA
Aktivitéit Offizéier, Schëffskapitän

Liewen a Karriär änneren

De Louis-Ferdinand Fix war de Jong vum Broderies- an Tüll-Fabrikant Moïse Bernard Fix an der Emilie "Merlé" Godchaux, der Sëschter vum Lion a vum Pinhas Godchaux, déi an den 1820er Joren aus dem franséische Bourbonne-les-Bains op Lëtzebuerg wunne komm waren.[1] Hien ass um Lentzen Eck um Stater Krautmaart gebuer.

An den 1830er Joren ass d'Famill an d'Belsch, op Arel, dono op Bréissel, geplënnert, iwwerdeems de Louis-Ferdinand zu Lëtzebuerg bei senge Grousseletere blouf, fir do an de Stater Kolléisch ze goen. No der Première goung hien op Antwerpen op d'École supérieure de navigation, wou en 1848 Marine-Leitnant gouf. Direkt dono goung hien an d'Kinneklech Militärschoul zu Bréissel.

Wéi den Däitsche Bond, zu deem och Lëtzebuerg gehéiert huet, eng Reichsflotte opgesat huet, goufen och 6 Offizéier vun der belscher Marine, dorënner de Fix, agestallt. Hie war 4 Joer laang Leitnant op verschiddene Schëffer, de Corvettë Bremen a Grossherzog von Oldenburg an der Fregatt Barbarossa.

1852 gouf d'Reichsflotte nees opgeléist, an de Fix ass als Offizéier bei d'belsch Handelsmarinn gaangen, wou hie bis 1859 ë. a. am Mëttelmierraum an um Schwaarze Mier, an op Handelsweeër an d'USA, an Indien an a China ënnerwee war.

Bei enger vu senge Faarten am Amerika hat de Fix zu New York den Giuseppe Garibaldi kenne geléiert, an nodeems d'Gesellschaft, fir déi e geschafft hat, 1859 liquidéiert gouf, ass hien an Italie gaangen, wou e vum Juni 1860 u fir deem seng Camisse Rosse an de Krich gaangen ass. Bei der Schluecht vu Volturno gouf e blesséiert, ass awer nees an d'Risorgimento-Arméi zeréckgaangen, a gouf dunn, wéi déi an dem Vittorio Emmanuel I. seng Arméi integréiert gouf, Majouer an der kinneklecher Arméi.

1862 ass hien an Amerika gefuer, fir do am Sezessiounskrich op der Säit vun der Arméi vun den Unionisten (Nordstaten) ze kämpfen. Hie gouf Infanterie-Kommandant am Grad vum Captain an der Arméi vum Ohio. 1864 gouf hien zum Majouer an Adjoint vum Generol William Starke Rosecrans sengem État-major ernannt, an e puer Méint drop Lieutenant-colonel, an Adjoint vun de Genereel a Kommandante vum Missouri.

Nom Enn vum Biergerkrich, am Mee 1865 gouf de Fix fir e puer Méint Superintedant an Inspekter vum Militärprisong vu Saint-Louis an dono Divisounschef am Krichsdepartement zu Washington[onkloer], wou e bis kuerz viru sengem Doud blouf.

Hien huet 1871 déi US-amerikanesch Nationalitéit ugeholl.

1863 huet hien d'Emma Jaeger kennegeléiert, zesummen hate si 3 Kanner.

De Fix ass un engem Häerzschlag gestuerwen a gouf um Nationalkierfecht vun Arlington begruewen.[2]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Quell vum Kapitel, wou net anescht uginn: Claude Wey, Régis Moes: "Louis Ferdinand Fix (1829-1893)." In: d'Lëtzebuerger Land Nr.50 (70. Jg.), 15. Dezember 2023, S.27-29.
  2. Graf N°: 42-C-EH an der Sektioun 1