Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Ljuksemburg (op Russesch a Kumykesch: Люксембург) ass en Duerf am Rajon (Distrikt) Babajurt an der Republik Dagestan a Russland. Et ass déi eenzeg Uertschaft am Duerfkrees Ljuksemburg[1], a läit ronn 7 km nordlech vum Distriktszentrum Babajurt.

Ljuksemburg
Land Russland
Federatiounskrees Nordkaukasus
Status Republik
Regioun Dagestan
Gegrënnt 1900
Awunner 1.720 (2017)
Koordinaten 43°39'N, 46°44'O
Zäitzon UTC+3
Postcode 368066

D'Duerf huet 1.679 Awunner (Stand 14. Oktober 2010)[2].

Et gouf 1900 vun däitsche baptisteschen (lutheraneschen??) Awanderer als Kolonie Romanowka (Романовка), oder Romanowskoje (Романовское) gegrënnt. Romanowskoje war déi gréisst "ethnesch" däitsch Uertschaft an hirem Distrikt[3]. 1925 gouf d'Duerf vum sowjetesche Regime op Ljuksemburg, zu Éiere vun der Rosa Luxemburg ëmbenannt[4]. Hautdesdaags ass Ljuksemburg en ethnescht kumykescht Duerf, mat just zwou däitsche Familljen, déi hei nach liewen[3].

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. http://docs.cntd.ru/document/802037479
  2. Перепись населения 2010. Численность населения России, федеральных округов, субъектов Российской Федерации, городских округов, муниципальных районов, городских и сельских поселений (ru). Федеральная служба государственной статистики.
  3. 3,0 3,1 http://kumukia.ru/?id=1621
  4. Archive copy Archivéiert op 2018-12-19. Gekuckt de(n) 2018-10-15.