Kierch Mäerkels

kathoulesch Kierch

D'Kierch zu Mäerkels ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Kiischpelt gehéiert.

Kierch vu Mäerkels
Filialkierch vu Mäerkels

Filialkierch vu Mäerkels
Filialkierch vu Mäerkels
Uertschaft / Plaz Mäerkels
Par Wooltz
Saints-Pierre-et-Paul
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Baartelméis
Baujoer 1743
Koordinaten 49° 57’ 41.8’’ N
      5° 58’ 50.6’’ O
Banneraum

Banneraum
Banneraum
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellege Baartelméis, deem säi Fest de 24. August gefeiert gëtt. Niewepatréiner sinn den hellege Sebastian, den hellegen Antonius an den hellegen Donatus.

Se steet an der Strooss Bei der Kierch am Zentrum vum Duerf. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Geschicht änneren

Eréischt 1806 gouf Mäerkels zesumme mat Alschent an dem Kohnerhaff eng eege Par. Virdru war Mäerkels d'Filialkierch vun der Pënscher Parkierch.

D'Kierch gouf 1743 gebaut an am Joer 1916 koum et zu Ëmännerungen. Nom Zweete Weltkrich gouf eng Sakristei ugebaut.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Mäerkels, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Mäerkels huet ausser der Parkierch och nach d'Filialkierch vun Alschent gehéiert.

Bannenan änneren

De Mobiliar staamt méiglecherweis vun engem Schüler vum Jean-Georges Scholtus († 1754), dem Nicolas Jacques († 1793) vu Wolz, deen och de Mobiliar vun der Kierch Notre-Dame vu Wolz gemaach huet.

Den Altor änneren

Den Zwilling vum Mäerkelsser Héichaltor ass an der Kapell Ierpeldeng (Wolz) ze fannen.
1958 gouf eng Helleg Famill, déi vum Albert Kratzenberg geschaf gouf, an den Héichaltor ageschafft. Ëm déi selwecht Zäit gouf de Säitenaltor mat enger hëlze Muttergottes-Statu vum J. Haler vun Ettelbréck gerëscht.

Fënsteren änneren

Déi aktuell Fënstere si vum Émile Probst; si goufen 1955 agesat.

Klacken änneren

Déi dräi Klacke goufen den 2. Februar 2003 geweit. Se stamen aus der Klackegéisserei an der Benediktinerabtei Maria Laach a goufe vum Brudder Michael Reuter OSB gegoss. Déi fréier Klacken, vun ëm 1850, si virun der Entrée vun der Kierch ze gesinn.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Mäerkels – Biller, Videoen oder Audiodateien