Albert Kratzenberg

lëtzebuergesche Sculpteur a Graphiker

Den Albert Kratzenberg, gebuer den 8. Abrëll 1890 zu Klierf a gestuerwen och do den 23. Mee 1966[1], war e lëtzebuergesche Sculpteur a Graphiker.

Albert Kratzenberg
Gebuer 8. Abrëll 1890
Klierf
Gestuerwen 23. Mee 1966
Klierf
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur
Famill
Geschwëster Damien Kratzenberg
De Mann mam Hummer.
Figur vun der Monumental-Skulptur L'allégorie de l'artisanat, am Park vun der Galerie Nei Liicht zu Diddeleng

Liewen änneren

No der Handwierkerschoul zu Lëtzebuerg huet den Albert Kratzenberg zu Karlsruhe an op der Konschtakademie zu Berlin studéiert. Duerno huet hien e puer Joer an Däitschland, am Bezierk Stettin an zu Hildesheim geschafft[1],[2].

1919 koum hien op Lëtzebuerg zeréck,[3] wou hie Coursen am Zeechnen an an der Skulptur zu Esch-Uelzecht ginn huet[1]. Am Joer 1930 ass hie “Professer” an der Escher Beruffsschoul ginn[4].

Fir d'Weltausstellung 1937 zu Paräis huet hien, zesumme mat de Sculpteuren Aloyse Deitz, Ernest Grosber a Léon Nosbusch, d'Skulpturaarbechte vum Relief Vue panoramique de la Ville de Luxembourg no enger Zeechnung vum Pierre Blanc un der Haaptfassad vum Lëtzebuerger Pavillon ausgefouert[5],[6].

Op der Weltausstellung 1939/1940 zu New York gouf seng monumental Skulptur L'allégorie de l'artisanat ausgestallt[7].

1928 an 1932 krut hien de Prix Grand-Duc Adolphe.

Hien huet an den 20er Jore vum 20. Joerhonnert, wéi d'Haaptportal vun der Kathedral restauréiert gouf, d'Statu vum hellegen Niklos geschaaft.

Wéinst senger Haltung wärend der Nazi-Occupatioun am Zweete Weltkrich ass den Albert Kratzenberg am Januar 1947 zu Lëtzebuerg zu sechs Joer Prisong an zum Verloscht vun der lëtzebuergescher Nationalitéit condamnéiert ginn.[8] Hie war de Brudder vum Damien Kratzenberg[9].

Wierker änneren

 
De Relief um Gebai vum Tageblatt zu Esch.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Albert Kratzenberg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1992, Anthologie des arts au Luxembourg
  2. M.W. 1935.
  3. M.W. 1935, S. 6.
  4. Escher Tageblatt 1930, Nr. 91 (25. März): 4 (Esch-Alz., 25. März. Ernennung. Herr Albert Kratzenberg, bisher Kursusleiter, wurde zum technischen Lehrer der gewerblichen Fortbildungsschule ernannt.) [1]
  5. Die Eröffnung des Luxemburger Pavillons auf der Pariser Ausstellung. Luxemburger Wort Nr 165 vum 14. Juni 1937 (Link)
  6. Mousset, Jean-Luc … [et al.]: Petit parmi les grands: Le Luxembourg aux Expositions universelles de Londres à Shanghai (1851-2010). Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2010 (Publications du Musée national d'histoire et d'art Luxembourg 11), Ss. 208, 216.
  7. Mousset, Jean-Luc … [et al.]: Petit parmi les grands: Le Luxembourg aux Expositions universelles de Londres à Shanghai (1851-2010). Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2010 (Publications du Musée national d'histoire et d'art Luxembourg 11), Ss. 233, 244, 245
  8. Escher Tageblatt 1947, Nr. 23 (29. Januar): 6 (Politische Prozesse: Urteile des Spezialgerichtes in Luxemburg). [2] Luxemburger Wort 1947, Nr. 30 (30. Januar): 4 (Vor dem Spezialgericht). [3] Cf. Massard, J.A. & R. Thill, 2011. Gustav Kolbach, Arzt und Botaniker. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 112 (2011), S. 9-24. [4]
  9. deltgen.com
  10. "Besuch bei den Bildhauern am Giebelfeld des neuen Escher Stadthauses". A-Z Luxemburger illustrierte Wochenschrift 1936, Nr. 25 (2. Juni), S. 20.
  11. Spoofeier in Esch-Alzette. Luxemburger Wort Nr 207 vum 26. Juli 1937 (Link)
  12. Cf. Massard, J.A. & R. Thill, 2011. Gustav Kolbach, Arzt und Botaniker. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 112 (2011), S. 18. [5]