Karl Kraus

éisträicheschen Schrëftsteller a Publizist

De Karl Kraus, gebuer den 28. Abrëll 1874 zu Jičín a Béimen, a gestuerwen den 12. Juni 1936 zu Wien, war war en éisträicheschen däitschsproochege Schrëftsteller, Publizist, Satiriker, Lyriker, Aphoristiker, Dramatiker, Sprooch- a Kulturkritiker an zielt haut zu de bedeitendsten éisträicheschen Auteure vum Ufank vum 20. Joerhonnert.

Karl Kraus
Gebuer 28. Abrëll 1874
Gestuerwen 12. Juni 1936
Wien
Nationalitéit Éisträich
Educatioun Universitéit Wien
Aktivitéit Iwwersetzer, Dichter, Journalist, Essayist, Dramatiker, Literaturkritiker, Schrëftsteller
Cover vun der éischter Editioun vun "Die Fackel“, Abrëll 1899.

De Kraus huet d'Zäitschrëft Die Fackel gegrënnt a war bal 40 Joer hire praktesch eenzege Redakter. Doran huet hie sech géint Ongerechtegkeeten, Korruptioun an och de schlampegen Ëmgank mat der Sprooch duerch d'Press vun deemools (déi e "Journaille" vernannt huet, engagéiert.

1919 koum, als Reaktioun op den Éischte Weltkrich, säin Theaterstéck Die letzten Tage der Menschheit eraus, den Epilog dozou, Die letzte Nacht, war schonn 1918 publizéiert ginn.

Wierk (Literatur) änneren

Die Fackel gouf am Kösel-Verlag a bei Zweitausendeins komplett als Nodrock erausbruecht.

Um Spaweck änneren

Commons: Karl Kraus – Biller, Videoen oder Audiodateien