Kapell Weiler (Wëntger)
D'Kapell zu Weiler bei Helzen ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Kapell vu Weiler (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Weiler (Wëntger) | |||
Par | Wëntger Sainte-Famille | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Albinus | |||
Konsekratioun | 1721 | |||
Baujoer | zirka 1713-15 | |||
Koordinaten | 50° 06’ 12.9’’ N 05° 56’ 43.7’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kapell ass den hellegen Albinus, deem säi Fest den 1. Mäerz gefeiert gëtt.
D'Kapell steet op der Haaptstrooss, dem CR333, an ass un d'Gebai vun engem Haff ugebaut.
Geschicht änneren
Den Haff vum Här Menschel gouf 1706 gebaut. D'Kapell gouf awer eréischt ëm 1713-15 un d'Haus ugebaut. D'Konsekratioun war 1721.[1]
Bis de 7. Mee 2017 war et eng Kapell vun der Par Helzen, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur Par Helzen huet ausser der Kapell vu Weiler och nach d'Parkierch vun Helzen, d'Filialkierch vun Houfelt an d'Helzerklaus gehéiert.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Kapell Weiler (Wëntger) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen änneren
- ↑ "Chronica Hubertiana" am Buch 250 Joer Poorkiirch am Duerf Kaunerëf, S. 154