Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Kéiermillen ass eng fréier Millen an der Gemeng Parc Housen am Kanton Klierf.

Kéiermillen
D'Kéiermillen 2008
An anere Sproochen fr: Kehrmuhle
de: Kehrmühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Parc Housen
Buergermeeschter Romain Wester
Koordinaten 49° 57’ 54.37’’ N
      06° 06’ 03.77’’ O

Bis Enn 2011 huet se zu der fréierer Gemeng Houschent am Kanton Dikrech gehéiert, déi du mat de Gemenge Konstem an Housen zu der Gemeng Parc Housen fusionéiert huet.

Si läit am Bleesdall, do wou d'Emmicht draleeft.

Den 21. Abrëll 2023 gouf s'als nationale Kulturpatrimoine klasséiert.[1]

Geschicht änneren

De Bau vun der Mille geet op d'Joer 1796 zeréck wéi den Theodore Lanners vun Houschent deen am Kéierbierg en Terrain hat, vun der Administration centrale zu Lëtzebuerg de 6. Nivôse vum Joer V d'Autorisatioun krut do eng Millen opzeriichten.

Den 1. Mäerz 1791 hat den Thedore Lanners d'Marguerite Schaeffer vu Mëtscheed bestuet. D'Koppel hat aacht Kanner. Domat war d'Kéiermillen d'Stackhaus vu 5 Mëllergeneratioune ginn, wouvun de leschte Mëller den Alexis Lanners op der Sirer Mille war.[2]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Websäit vun de Lanners Familljen