José Samyn

franséische Vëlossportler

De José Samyn, gebuer den 11. Mee 1946 zu Quivrechain, a gestuerwen den 28. August 1969 un de Follge vun enger Chute bei enger Course zu Zingem an der Belsch, war e franséische professionelle Vëlossportler.

José Samyn
Gebuer 11. Mee 1946
Quiévrain
Gestuerwen 30. August 1969
Nationalitéit Belsch, Frankräich
Aktivitéit Vëlossportler
Kompetitiounsklass Vëlossport op der Strooss
Veräin/Ekipp Pelforth-Sauvage-Lejeune,
Bic

De José Samyn gouf 1967 Profi bei der Ekipp Pelforth-Sauvage-Lejeune, wou hien direkt gutt Resultater hat, besonnesch bei de Quatre jours de Dunkerque, wou en eng sechst Plaz am Generalklassement erausgefuer hat, wat em eng Selektioun fir den Tour de France abruecht hat.

Als Jéngste beim Tour de France vun 1967 hat hien déi 11. Etapp vu Briançon op Digne-les-Bains gewonnen a koum um Enn am Generalklassement op déi 17. Plaz. Enn der Saison gouf hien de 4. bei Paris - Tours.

1968 hat hien eng Etapp um Paris - Nice gewonnen a war den Zweeten an der Flèche wallonne ginn, hanner dem Rik Van Looy, fir deen et seng lescht grouss Victoire war.

Hie gouf dat Joer vum Marcel Bidot, an d'Franséisch Ekipp vum Tour de France selektionéiert, huet awer do misse wéinst enger positiver Kontroll op Corydrane no der siwenter Etapp ophalen, a gouf ee Mount suspendéiert.

An der Ekipp Bic ass hien 1969 zesumme mam Jacques Anquetil a Jan Janssen gefuer, an huet den Tour de l'Oise, virum belsche Sprinter Willy Planckaert gewonnen. Am Tour de France vun 1969, gouf hien no der 6. Etapp mat Arrivée um Ballon d'Alsace eliminéiert, well hien net am Delai ukomm war.

De Grand Prix de Fayt, vun deem de José Samyn 1968 déi éischt Oplo gewonnen hat, krut no sengem Doud den Numm Grand Prix José Samyn. Course gouf méi spéit op den Numm Le Samyn ëmgeännert.

Um Spaweck änneren