De Jean Fonck oder Johny Fonck, oder och nach Johnny Fonck, gebuer den 30. November 1920 zu Beggen a gestuerwen de 17. Juli 2008 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Foussballspiller[1], Liichtathleet an Olympionik.[2]

Johny Fonck
Gebuer 30. November 1920
Gestuerwen 17. Juli 2008
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Liichtathleet
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller

Hien hat bis virum Zweete Weltkrich fir d'Spora Lëtzebuerg gespillt. Nom Zweete Weltkrich ass hien op Lyon geplënnert, wou en fir den FC Lyon als Mëttelfeldspiller gespillt huet, a gläichzäiteg Trainer war. Hien huet den 10. Mäerz 1940 fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3]

Hien huet Lëtzebuerg am Hürdelaf op den Olympesche Summerspiller 1952 zu Helsinki vertrueden.[4] Hie war de Lëtzebuerger Rekordhalter am Hürdelaf iwwer 110 m (1947 - 1958), iwwer 200 m (1949 - 1960) an iwwer 400 m (1949 - 1960).

1952 bei den olympesche Spiller, huet hien de Josy Barthel betreit.

1953 huet hie sech mat der Cécile Barthel, der Schwëster vum Josy Barthel, bestuet.

Auszeechnungen änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. De Jean Fonck op der Websäit Weltfussball.de
  2. De Johny Fonck op der Websäit sports-reference.com
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Jean Fonck op der Websäit vun European Football
  4. De Johny Fonck op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  5. 30-06-2008: Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur