Den John Barry OBE, gebuer den 3. November 1933 zu York, England, fir richteg John Barry Prendergast, a gestuerwen den 30. Januar 2011 zu Glen Cove, war en englesche Filmkomponist an Arrangeur.

John Barry
Gebuertsnumm John Barry Prendergast
Gebuer 3. November 1933
York
Gestuerwen 30. Januar 2011
Oyster Bay
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, USA
Aktivitéit Komponist, Museker, Lidderschreiwer, Filmkomponist
Famill
Bestuet mat Jane Birkin
Kanner Kate Barry

Hie war virun allem fir d'Soundtracke vun der James-Bondserie bekannt, ë. a. vu Goldfinger, Diamonds Are Forever, Moonraker, The Man with the Golden Gun, A View to a Kill an The Living Daylights.

Hie krut fënnefmol en Oscar, zweemol fir Born Free (1966) awer och fir d'Musek am The Lion in Winter (1968), Out of Africa (1985) an Dances with Wolves (1990).

A senger 40 Joer laanger Karriär huet hien eng 100 Theeme geschriwwen, dorënner d'Musek fir de Film Midnight Cowboy oder de Generique vun der Televisiounsserie The Persuaders! (Amicalement Vôtre).

Den John Barry war 4-mol bestuet, ë. a. 1965 mat der Jane Birkin, mat där hien d'Kate Barry kritt huet, eng Fotografin. Als lescht war en, zanter 33 Joer, mat senger Fra Laurie bestuet.

Um Spaweck änneren

Commons: John Barry – Biller, Videoen oder Audiodateien