Jane Birkin

brittesch Sängerin a Schauspillerin

D'Jane Birkin, (OBE) gebuer als Jane Mallory Birkin de 14. Dezember 1946 zu Marylebone, engem Quartier vun der City of Westminster zu London, a gestuerwen de 16. Juli 2023 zu Paräis, war eng englesch Schauspillerin, Filmregisseurin a Sängerin, déi zanter dem Enn vun den 1960er Jore haaptsächlech a Frankräich gelieft a geschafft huet.

Jane Birkin
D'Jane Birkin 2017
Gebuertsnumm Jane Mallory Birkin
Gebuer 14. Dezember 1946
London
Gestuerwen 16. Juli 2023
6. Arrondissement
Doudesursaach Leukemie
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Frankräich
Educatioun École Jeannine Manuel,
Miss Ironside's School
Aktivitéit Sänger, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Discographesche Kënschtler, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Fotomodell, Schauspiller, Regisseur, Mannequin
Famill
Bestuet mat John Barry
Liewenspartner(in) Serge Gainsbourg, Jacques Doillon
Papp David Leslie Birkin
Mamm Judy Campbell
Geschwëster Andrew Birkin, Linda Birkin
Kanner Kate Barry, Charlotte Gainsbourg, Lou Doillon
D'Jane Birkin 1970.

D'Jane Birkin war d'Duechter vum Lieutenant-Commander (Korvettekapitän) David Birkin an der Schauspillerin Judy Campbell. Hire Brudder ass de brittesche Filmregisseur an Dréibuchauteur Andrew Birkin. Si war d'Mamm vun der Fotografin Kate Barry an de Schauspillerinne Charlotte Gainsbourg a Lou Doillon.

Karriär änneren

D'Jane Birkin hat eng kleng ma opfälleg Roll am Film am Michelangelo Antonioni sengem Blow Up (1967). 1968 huet si nieft der Romy Schneider an dem Alain Delon a La Piscine vum Jacques Deray gespillt.

Wärend den Dréiaarbechte vu Slogan huet si de Serge Gainsbourg kennegeléiert. 1969 huet si mat him d'Lidd Je t'aime … moi non plus opgeholl, dat de Gainsbourg scho mat der Brigitte Bardot opgeholl, ma op hire Wonsch net publizéiert hat. D'Lidd, méi gekeimt wéi gesongen, gouf, obwuel oder éischter well et op ville Radiosstatiounen verbuede war, et ze spillen, e grousse Succès. De Gainsbourg an d'Birkin hunn dono deels solo, deels zesummen, Musek produzéiert. D'Jane Birkin huet an där Period och a ville Filmer matgespillt, dorënner Le mouton enragé vum Michel Deville an Death on the Nile vum John Guillermin, souwéi och a ville wéineg bekannte Filmer. No hirer Trennung vum Gainsbourg, 1980, war si mam Regisseur Jacques Doillon zesummen, deen et hir erméiglecht huet, méi usprochsvoll Rollen ze spillen.

 
D'Jane Birkin an hir Duechter Charlotte Gainsbourg (2010)

Filmographie änneren

als Schauspillerin (Kino) änneren

vun 1965 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1989 änneren

vun 1990 bis 1999 änneren

vun 2000 bis 2009 änneren

vun 2010 bis änneren

Discographie änneren

  • Di Doo Dah (1973)
  • Lolita Go Home (1975)
  • Ex Fan Des Sixties (1978)
  • Baby Alone In Babylone (1983)
  • Lost Song (1987)
  • Jane Au Bataclan (1987)
  • Amours Des Feintes (1990)
  • Integral Au Casino De Paris (1992)
  • Versions Jane (1996)
  • Integral A L'olympia (1996)
  • The Best Of (1998)
  • A la légère (1999)
  • Arabesque (2002) (Live-Album)
  • Rendez-vous (2004)
  • Fictions (2006)
  • Enfants d'Hiver (2008)

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jane Birkin – Biller, Videoen oder Audiodateien