De Jeff Seyler, gebuer den 3. Oktober 1978, ass e lëtzebuergesche Museker an Enseignant. Hie ass de Sänger vun der Band Encypher an trëtt als De Midlife Chris op. Virdru war hien och Sänger bei Fluyd.

Jeff Seyler
Gebuer 3. Oktober 1978
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museker, Lycéesprofesser

Hien ass Co-Librettist vum Museksspektakel Oratorio 1815 vum Georges Urwald, dat 2014 seng Première am Trifolion hat.[1]

De Jeff Seyler huet englesch Literatur zu Tréier and zu Colchester studéiert. Hien ass Englesch-Professer am Iechternacher Kolléisch.

Discographie änneren

Lidder als De Midlife Chris änneren

  • 2010: Wiertschaftskris
  • 2011: Déier am Verkéier
  • 2011: Supergaus
  • 2013: Juncker Blues
  • 2016: Thé Dansant

Referenzen änneren

  1. Lëtzebuerger Journal: Geschichtsbühne (28. November 2014)