Den Trifolion ass e Kultur- a Kongresszentrum zu Iechternach. Mam ganzen Numm Trifolion - Centre culturel, touristique et de congrès, gouf en de 24. Abrëll 2008 ageweit. Den Numm "Trifolion" - ofgeleet vun trifolio (Kléiblat) - ass e Bezuch op déi dräi Aspekter vun Aktivitéiten, déi d'Gebai ofdeckt.

Den Trifolion

Am Gebai sinn e Concertssall, "Atrium" genannt, mat 530 bis 700 Plazen, en zweete Sall ("Agora"), op der Galerie ronderëm, fir 300 Leit, souwéi 5 aner, méi klenge Säll, déi fir verschidden Zwecker gebraucht kënne ginn.[1]

D'Iechternacher Musekschoul an d'Harmonie municipale d'Echternach hunn do hire Sëtz. Bis 2013 huet sech do och den European Union Baroque Orchestra néiergelooss.[2]

Den Trifolion-Projet ass am Februar 1997 provisoresch vum Gemengerot gestëmmt ginn, mat engem deemools op 540 Millioune LUF (13,38 Mio Euro) geschate Käschtepunkt. Den definitive Vote vum Projet war den 8. Juni 1998. De Bau sollt 5 Joer méi spéit fäerdeg sinn. Aus enger Rei vun techneschen a finanziellen Ursaachen hunn d'Aarbechte sech awer bis 2008 higezunn. Déi laang Bauzäit, kombinéiert mat Ännerungen an aneren Detailer déi am Ufank net virgesi waren, huet de Präis bis op 34,6 Milliounen Euro eropgedriwwen. [3]

Den Trifolion gouf op der Plaz vum fréiere Redemptoristeklouschter gebaut.[4]

Um Spaweck änneren

Commons: Trifolion – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. http://www.echternach.lu/Default.aspx?id=8c979d1b-45d1-4a2b-8ea1-4fb49f1601c5
  2. Archive copy Archivéiert op 2016-09-18. Gekuckt de(n) 2008-07-24.
  3. Gemengerotsdokumenter an Telecran 23. Abrëll 2008
  4. Bodo Bost, 2017. 1873-1967. Im Geiste des Heiligen Willibrord. Vor 50 Jahren verließen die Redemptoristen Echternach. Die Warte 21|2550 vum 6. Juli 2017, S. 4-5.