Jean Feltgen

lëtzebuergeschen Dokter a Mykolog


De Jean (Johann) Feltgen, gebuer de 15. Oktober 1833 zu Lëntgen a gestuerwen den 11. Mee 1904 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Dokter a Mykolog[1].

Jean Feltgen
Gebuer 15. Oktober 1833
Lëntgen
Gestuerwen 11. Mee 1904
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Botaniker, Dokter
Member vun Société de botanique du grand-duché de Luxembourg, Section des sciences médicales vum Institut grand-ducal
Famill
Kanner Ernest Feltgen

Den Dokter änneren

No sengem Medezinstudium zu Léck an zu Würzburg huet de J. Feltgen den 8. an 9. November 1858 säin Exame fir den Doktorat an der Medezin zu Lëtzebuerg gemaach a gepackt[2].

Den 8. November 1859 huet de Feltgen, dee sech an der Tëschenzäit provisoresch zu Lëntgen als Dokter etabléiert hat, den Doktorat an der Chirurgie an den Doktorat an der Gebuertshëllef gemaach[3]. Am Februar 1860 annoncéiert de Feltgen, datt hie sech elo zu Miersch niddergelooss huet a beim “Gastwirt Schöllen” wunnt[4]. Duerno huet hie sech zu Bierschbech installéiert (am Joer 1862 laut dem Henri Kugener[5], méi warscheinlech awer eréischt am Joer 1863, wéi den Dr. Charles Gloner seng Praxis zu Bierschbech opginn a säin Haus verkaf huet[6]).

Am Joer 1863 ass de Jean Feltgen Kantonaldokter vum Kanton Miersch ginn (als Nofollger vum Dr. Gloner), an dat bis zu senger Demissioun am Joer 1897 bliwwen[7]. 1898 huet hie sech an d'Stad zeréckgezunn[8], wou hie bei sengem Fils, dem Dr. Ernest Feltgen, am Haus Nr. 9 an der “Peterstraße” (rue Pierre), haut “rue Pierre d'Aspelt”, gewunnt huet.

De Jean Feltgen war Grënnungsmember vun der Société des sciences médicales am Joer 1861. An hirem Bulletin huet hien eng ganz Rei vu Fachartikele publizéiert, dorënner de Rapport iwwer d'Cholera am Kanton Miersch am Joer 1866, Artikelen iwwer d'Chorea (Veitsdanz) oder iwwer d'Ursaach vun ustiechende Krankheeten, iwwer Miasmen a Parasitismus, etc.[9]

Den Naturalist änneren

1884 ass de J. Feltgen Member vun der Société de botanique ginn[10]. An där hirem Bulletin publizéiert hie seng Vorstudien zu einer Pilz-Flora des Grossherzogthums Luxemburg. D'Publikatioun vum 1. Deel, deen sech mat den “Ascomycetes” beschäftegt, huet sech vun 1899 bis 1905 higezunn. Den Ernest Feltgen huet nom Doud vu sengem Papp de 4. Supplement vum 1. Deel nach am Joer 1905 an den 2. Deel vun der Aarbecht (“Basidiomycetes” an “Auriculariei”) vun 1906 bis 1908 erausginn. Dem J. Feltgen seng Pilzflora huet net nëmmen zu Lëtzebuerg, mä och am Ausland Unerkennung fonnt. Hien huet domat de Grondstee vun der lëtzebuergescher Mykologie geluecht[11].

De J. Feltgen war net Member vun der SNL, huet awer zu Liefzäiten an hirem Bulletin zwou kleng Notizze publizéiert, déi eng iwwer krank Saalmen (Salmo) an der Our, déi aner iwwer eng Krankheet vun de Kaarpen[12].

E Relevé vum J. Feltgen senge Publikatiounen ass beim Martin Blum[13] ze fannen.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Feltgen, J., 1868. Rapport sur les épidémies de choléra dans le district de Mersch en 1866. Bulletin de la Société des Sciences Médicales du G.-D. de Luxembourg 1868, S. 65-104.
  • Feltgen, J., 1869. Contagium, Miasma, Parasitismus. Bulletin de la Société des Sciences Médicales du G.-D. de Luxembourg 1869, S. 82-100.
  • Feltgen, J., 1899. Vorstudien zu einer Pilz-Flora des Grossherzogthums Luxemburg. I. Theil. Ascomycetes. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société g.-d. de botanique du grand-duché de Luxembourg 14 (1897-1899), 2e partie, S. I-XI, 1-417 [Nachträge: S. 375-391, Berichtigungen: S. 392-394, Register: S. 395-417].
  • Feltgen, J., 1902. Vorstudien zu einer Pilz-Flora des Grossherzogthums Luxemburg. I. Theil. Ascomycetes. Nachträge II. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société g.-d. de botanique du grand-duché de Luxembourg, 15 (1900-1901), S. 1-243.
  • Feltgen, J., 1905. Vorstudien zu einer Pilz-Flora des Grossherzogthums Luxemburg. I. Theil. Ascomycetes. Nachträge III. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société g.-d. de botanique du grand-duché de Luxembourg, 16 (1902-1903), S. 1-328.
  • Feltgen, J. (†) & E. Feltgen (Hrsg.), 1905. Vorstudien zu einer Pilzflora des Grossherzogthums Luxemburg. Systematisches Verzeichniss der bis jetzt im Gebiete gefundenen Pilzarten mit Angabe der Synonymie, der allgemeinen Stand- und Spezial-Fundorte, resp. der Nährböden und mit Beschreibung abweichender, resp. neuer, sowie zweifelhafter und kritischer Formen. - I. Theil. Ascomycetes. Nachträge IV. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 15(1905), Beilage, 91 S.
  • Feltgen, J. (†) & E. Feltgen (Hrsg.), 1906-1908 Vorstudien zu einer Pilzflora des Grossherzogthums Luxemburg. Systematisches Verzeichniss der bis jetzt im Gebiete gefundenen Pilzarten mit Angabe der Synonymie, der allgemeinen Stand- und Spezial-Fundorte, resp. der Nährböden und mit Beschreibung abweichender, resp. neuer, sowie zweifelhafter und kritischer Formen. - II. Theil. Basidiomycetes et Auriculariei. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 16(1906), S. 18-24, 33-43, 70-80, 87-94, 110-118, 140-148, 151-163, 187-192, 204-210, 229-236, 259-266, 278-289; Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 17(1907), S. 22-24, 52-56, 67-81, 107-112, 148-152, 167-170, 205-208, 223-232, 269-272, 280-290, 328-334, 339-345; Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 18(1908), S. 265-279, 298-300, 355-368, 383-389.

Literatur änneren

  • Anonyme, 1902. Un botaniste luxembourgeois à l'étranger. Recueil des mémoires et travaux publiés par la Société g.-d. de botanique du grand-duché de Luxembourg, 15 (1900-1901), S. 249-250 [betr.: Bespriechung vun der Pilzflora vum Jean Feltgen an der däitscher Zäitschrëft “Hedwigia”].
  • Anonyme, 1996. Personnagen: Jean Feltgen. Lëtzebuerger Journal 1996 (15. Oktober), S. 7.[14]
  • Arendt, K., 1972. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Luxemburg, E. Kutter, 514 S.[14]
  • Blum, M., 1902-1932. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, Bd. 1: A-L, XXXIII-756 S.
  • Klein, E.J., 1904. Dr. med. Johann Feltgen, 1833-1904. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 14(1904), S. 113-117.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1-652.[14]
  • Liez, N., 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Luxembourg, Impr. Vve M. Bourger-Blum, 167 S.[14]
  • Massard, J.A., 1989. La vie scientifique. In: M. Gerges (éd.): Mémorial 1989: la Société luxembourgeoise de 1839 à 1989. Luxembourg, Les Publications Mosellanes, S. 408-440.
  • Massard, J.A., 1990. La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 91 (1990), S. 5-214.
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 1990. Table générale des publications de la Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg (1874-1905) et de la Société des Naturalistes Luxembourgeois (1891-1989), avec index analytique des matières. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91 (1990), S. 215-455.
  • Massard, J.A., 2023. Lejeune, Tinant, Krombach et les autres … Le Grand-Duché de Luxembourg dans les Flores luxembourgeoises, belges et allemandes.]&& In: Vu Gäert a Bicher. Bibliothèque nationale du Luxembourg, Luxembourg, p. 310-331.

Referenzen änneren

  1. Kugener 2005, S. 479-480.
  2. Der Telegraph 1858, Nr. 89 (6. November), S. 2. [1]
    Luxemburger Wort 1858, Nr. 105 (18. November), S. 3. [2]
  3. Courrier du Grand-Duché de Luxembourg 1859, Nr. 177 (13. Dezember), S. 2. [3]
  4. Courrier du Grand-Duché de Luxembourg 1860, Nr. 34 (9. Februar), S. 4
  5. Kugener 2005, S. 479.
  6. Cf. Kugener 2005, S. 597
  7. Kugener 2005, S. 479
  8. Kugener 2005, S. 480.
  9. Kugener 2005, S. 480
  10. Massard 1990, S. 142.
  11. Massard 1989, S. 417; Klein 1904, S. 7; Anonyme 1902
  12. Massard & Geimer 1990, S. 289.
  13. Blum 1902-1932, S. 276-277.
  14. 14,0 14,1 14,2 14,3 D'Daten, déi den Ufank vum J. Feltgen senger Carrière betreffen, sinn an dëser Publikatioun net ëmmer korrekt. De Wikipedia-Text ass méi zouverlässeg.