Jean-François Fléchet

De Jean-François Fléchet, gebuer 1748 zu Aubin-Neufchâteau a gestuerwen 1812, war ee vun de véier Flécheten déi bannent 100 Joer ouni Ënnerbriechung Buergermeeschter zu Warsage waren.

Skulptur vum J.-F. Fléchet um Monument du Centenaire zu Warsage

Hie war de Bouf vum Jean-Joseph Fléchet an der Marie-Jeanne Regnier, allebéid 1796 zu Charneux gestuerwen. Hie war an engem éischte Bestietnes mat der Marie-Agnès Thomé bestuet, an duerno mat der Marie Agnès Lacroix. Säi Bouf aus dem éischte Bestietnes, de Lambert-Thomas, koum no him op de Buergermeeschteschstull.

De J.-F. Fléchet war zanter 1807 Adjoint-maire zu Warsage a Schäffen um Geriicht vun Aubin-Neufchâteau. Am Mäerz 1808 gouf hie Buergermeeschter.

E vu sengen éischten Akten als Buergermeeschter war, eng Revendicatioun vun engem fréieren Haut Drossart, dem adlege Landvogt Degilissen, z'annulléieren, dee vun der Gemeng eng Rent verlaangt huet.

Tëscht 1809 an 1811 war seng Haaptsuerg, d'Quellen an d'Pëtzer vum Drénkwaasser, déi an engem lamentablen Zoustand waren, an d'Rei ze setzen. Hien huet 1810 duerchgesat datt e Schoulmeeschter an d'Gemeng soll kommen.

An der Zäit vum Empire, hat d'Gemeng ënner de Fransousen ze leiden, a wéi déi Alliéiert deene Meeschter gi waren, haten d'Russen ënner dem Generol Wintzingerode do d'Soen. En Dekreet vum 30. Januar 1811, dee vum russesche Generalquartéier vu Léck koum, huet deemools bestëmmt datt d'Buergermeeschteren an d'Gemengeréit, grad sou wéi d'Polizisten hir Plaz sollte behalen. An deem Dekreet gouf och nach bestëmmt datt: Tous les objets à requérir pour le service et le besoin des armes seront demandés à la commission centrale, et que l'octroi municipal et le principal de la contribution foncière, seront affectés en premier lieu aux dépenses que ces objets entraîneront. Dem J.-F. Fléchet säin Haaptuleies, grad sou wéi dat vu sengem Nofollger war, déi Charge sou niddreg wéi méiglech ze halen, wat net ëmmer eng einfach Saach war.

Als Erënnerung un de Jean-François Fléchet a seng Nokommen déi Buergermeeschter zu Warsage waren, huet d'Gemeng e Monument mat de véier Buergermeeschterkäpp nieft der Kierch opriichte gelooss.

Kuckt och änneren