Jean-Antoine Marbot

franséische Generol a Politiker


De Jean-Antoine Marbot, och bekannt als Antoine Marbot, gebuer de 7. Dezember 1754 zu Altillac a gestuerwen den 19. Abrëll 1800 zu Genua, war e franséische Generol a Politiker deen un de Koalitiounskricher deelgeholl huet[1].

Jean-Antoine Marbot
Gebuer 7. Dezember 1754
Altillac
Gestuerwen 19. Abrëll 1800
Genua
Doudesursaach Typhus
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Offizéier, Politiker
Famill
Kanner Adolphe Marbot, Marcellin Marbot

Am Joer 1791 gouf hien als Deputéierte vun der Nationaler Legislativversammlung vum Departement Corrèze gewielt. Vu 1795 bis 1799 war hie Member vum Conseil des Anciens a gouf 1797 a 1798 zum President vum Conseil gewielt[2].

Hie war de Papp vun de Genereel Adolphe Marbot (1781-1844) a Marcellin Marbot (1782-1854).

Gielercher änneren

 
Den Numm vum Generol Jean-Antoine Marbot um Arc de Triomphe zu Paräis

Säin Numm ass um Arc de Triomphe zu Paräis agedroen (Westpilier, 34. Kolonn).

Literatur zum Theema änneren

  • Rabbe, Vieilh de Boisjolin, Sainte-Preuve, Biographie universelle et portative des contemporains: Marbot, Antoine; Paräis (Levrault), 1834.
  • Robert, Cougny, Dictionnaire des parlementaires français de 1789 à 1889: Marbot, Jean-Antoine; Paräis (Bourloton), 1889.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jean-Antoine Marbot – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Biographie universelle et portative des contemporains: Marbot, Antoine, Band 3, S. 452.
  2. Dictionnaire des parlementaires français de 1789 à 1889: Marbot, Jean-Antoine, Band 4, S. 255.