Italien ass an 20 Regiounen (ital. regioni, Sg. regione) ënnerdeelt, dovu sinn der 5 autonom Regioune mat engem besonnesche Status.

D'Regioune vun Italien

Institutionell Strukturen änneren

Jiddwer Regioun huet eng direkt gewielte Volleksvertriedung, de Regionalrot (consiglio regionale).

Un der Spëtz vun der Regionalregierung steet de Regionalpresident (presidente della regione).

Wann de President stierft, oder wann hien demissionéiert oder wann en d'Vertrauen entzu kritt, da muss frësch gewielt ginn.

Opdeelung änneren

Mat Ausnam vum Aostadall sinn d'Regiounen a Provënzen agedeelt, vun deenen et der fir de Moment 107 gëtt.

Den Niveau ënner de Provënze sinn d'Gemengen (comuni), vun deenen et der ronn 8.100 gëtt.

D'Gemenge selwer hunn dacks Fraktiounen (frazioni), also Uertschaften déi net Haaptuert vun der Gemeng sinn.

Lëscht änneren

Regioun Haaptstad
Abruzzen (Abruzzo) L'Aquila
Aostadall (Valle d'Aosta/Vallée d'Aoste) Aosta (franséisch Aoste)
Apulien (Puglia) Bari
Basilikata (Basilicata) Potenza
Emilia-Romagna Bologna
Friul-Julesch Venetien (Friuli Venezia Giulia) Triest (Trieste)
Kalabrien (Calabria) Catanzaro
Kampanien (Campania) Neapel (Napoli)
Latium (Lazio) Roum (Roma)
Ligurien (Liguria) Genua (Genova)
Lombardei (Lombardia) Mailand (Milano)
Marken (Marche) Ancona
Molise Campobasso
Piemont (Piemonte) Turin (Torino)
Sardinien (Sardegna) Cagliari
Sizilien (Sicilia) Palermo
Toskana (Toscana) Florenz (Firenze)
Trentino-Südtiroul (Trentino-Alto Adige) Trient (Trento)
Umbrien (Umbria) Perugia
Venetien (Veneto) Venedeg (Venezia)

Um Spaweck änneren

Commons: Italieenesch Regiounen – Biller, Videoen oder Audiodateien