D'Infrabel-Linn 44 ass eng belsch Eisebunnsstreck déi Pepinster mat Spa verbënnt. Tëscht 1867 an 1959, hat se vu Spa aus iwwer Stavelot, Trois-Ponts a Gouvy eng direkt Verbindung mat Lëtzebuerg. Zu Stavelot gouf et vun 1914 un duerch den Tunnel vun der Haute Levée en Uschloss un d'Linn 45 an Direktioun Malmedy.

Gare vun Theux
Déi fréier Gare vu Juslenville
D'Gare vu Spa
Pepinster Gare: De Quai fir op Spa

Chronologie änneren

D'Streck gouf a véier Etappe gebaut, déi kuerz noeneen ageweit goufen:

  • 21. Oktober 1854: Pepinster - Theux (4,2 km)
  • 07. November 1854: Theux - La Reid (3,2 km)
  • 17. Februar 1855: La Reid - Spa (3,8 km)
  • 20. Februar 1867: Spa - Stavelot (25,6 km) als Deel vun der Streck Lëtzebuerg-Spa weider op Trois-Ponts an op déi lëtzebuergesch Grenz.

1854 huet d'Société du chemin de fer Pépinster-Spa mam Bau vun der Streck ugefaangen, déi 1855 konnt bis op Spa a Betrib geholl ginn. Wéi 1867 de Guillaume-Luxembourg seng Streck vun der Grenz bis op Spa fäerdeggebaut hat, krut deen e Pachtvertrag fir d'Streck vu Pepinster op Spa, an hat domat en direkten Zougank op d'Infrabel-Linn 37 an op d'Industrieregioun Léck. Nom Däitsch-franséische Krich vun 1870 gouf d'Streck vun de belsche Staatsbunnen iwwerholl.

De Persounentrafic tëscht Géronstère a Stavelot war den 2. August 1959 eriwwer, an 1963 goung et och mam Giddertransport op en Enn. Bei Geleeënheet vu Courssen um Circuit vu Spa-Francorchamps sinn nach bis 1966 Extrazich gefuer. 1973 gouf d'Streck tëscht Géronstère a Stavelot ofgerappt.

D'Streck war mat engem Gleis gebaut ginn, an 1903 koum en zweet Gleis tëscht Pepinster a Spa dobäi. Dat gouf 1942 vum däitsche Besatzer nees ewechgerappt.

D'erlaabt Vitess op der Streck ass 70 km/h an zanter dem 23. Mee 1971 ass d'Streck mat 3 kV Gläichstroum elektrifizéiert.

Bemierkungen änneren

Dës Beschreiwung vun der Streck entsprécht den Donnéeë wéi se vu Bel.rail unhand vun der SNCB-Numeréierung duergestallt ginn. Si entsprécht deemno net honnertprozenteg der geschichtlecher Entwécklung vun der Streck.