Himmelsdéierchen, fléi!

Himmelsdéierchen, fléi! ass e Lëtzebuergescht Kannerlidd. Den Text ass vum Willy Goergen, d'Musek ass vum Théodore Decker.

Den Ufank vum Lidd änneren

 

Himmelsdéierchen, fléi!
Sief dach nët sou zéi!
Laang genuch hues du geschlof,
huerteg heem, soss kriss d'eng Strof!
D'Sënnche sicht dech an all Eck,
mach dech fort a sief nët geck!
Himmelsdéierchen, fléi!
Maach keng Konschte méi!

Umierkung: d'Schreifweis vum Text entsprécht der Partitur vum Nimax (1984).

Literatur änneren

  • Nimax, P., 1984. Mäi Land, mäi Lidd: Lëtzebuerger Lidder. [Fir Piano gesat vum Pierre Nimax; Nouteschrëft: Ady Mootz; Zechn.: Liane Nimax]. RTL Edition, Impr. St. Paul, Luxembourg, S.18.