Himmelsdéiercher

Famill vun de Kiewerleken (Coleoptera)

D'Himmelsdéiercher (Coccinellidae) sinn eng weltwäit verbreet Famill vun de Kiewerleken (Coleoptera), déi an Europa a 75 Gattungen an iwwer 250 Aarten an Ënneraarten optrieden. Weltwäit sinn d'Coccinellidae mat iwwer 5.500 Aarten a 490 Gattunge vertrueden. Charakteristesch sinn déi opfälleg punktfërmeg Zeechnungen op hiren Deckflilleken. Vill Aarten erniere sech vu Blatlais (Aphidoidea) a Schëldlais (Coccoidea).

Himmelsdéiercher
Siwepunkt-Himmelsdéierchen (Coccinella septempunctata L.)

Siwepunkt-Himmelsdéierchen (Coccinella septempunctata L.)
Siwepunkt-Himmelsdéierchen (Coccinella septempunctata L.)
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Insekten
Uerdnung: Kiewerleken
Famill: Himmelsdéiercher
Wëssenschaftlechen Numm
Coccinellidae
Latreille 1807

D'Himmelsdéiercher si bei de Leit beléift, ënner anerem well si am Gaardebau an an der Landwirtschaft nëtzlech sinn, andeems en Individuum am Larvestadium bis zu 3.000 Planzelais oder Spannmilbe friesse kann.

Bezeechnungen änneren

Weider lëtzebuergesch Bezeechnunge fir d'Siwepunkt- an Zweepunkt-Himmelsdéierchen:

  • Am Luxemburger Wörterbuch[1]: Himmelskéichen, Himmelskrécher(chen), Hämelsdéierchen oder Härgottsdéierchen;
  • Beim Henri Klees (1981): Fléidéierchen, Gehaansdéierchen, Gehanesdéierchen, Hämel(s)déierchen, Hemel(s)déierchen, Härgottsdéierchen, Härgottsléichen, Härgottskréchel, Härgottskrécher(chen), Härgottsscheefchen, Hiinzekrécherchen, Marespäerdchen (Branebuerg), Maréisdéierchen (Wuelessen), Muttergottesdéierchen, Muttergotteskällefchen, Muttergotteskand.

Himmelsdéierchen heescht op Franséisch coccinelle oder bête à bon Dieu, op Däitsch Marienkäfer, op Englesch ladybird oder ladybug.

Heefeg Aarten änneren

 
En asiatescht Himmelsdéierchen

En aktuelle Fall vu biologescher Invasioun änneren

Zanter dem Joer 2000 verbreet sech an Europa dat Asiatescht Himmelsdéierchen, Harmonia axyridis (Pallas, 1773), déi invasiivst Aart vu Coccinellidae op der Äerd. D'Aart ass zanter dem Joer 2004 reegelméisseg zu Lëtzebuerg ze fannen.[2]

D'Himmelsdéiercher an der Kultur zu Lëtzebuerg änneren

Et gëtt e lëtzebuergescht Lidd vum Willy Goergen a vum Théodore Decker mam Titel "Himmelsdéierchen, fléi!"[3].

Sproch zu Esch-Uelzecht[1] Kannerlidd[4]
Himmelsdéierchen,
Fléi an d'Luucht,
Déng Dëppercher kachen,
Déng Kënnercher kräischen,
De Schlëssel läit vrun der Dir.
Herrgottsde'erchen,
Fle' an den Himmel,
Deng Döppercher kachen,
Deng Kennercher kreischen,
Deng Schewercher ginn op de Somen.

D'Himmelsdéierchen am Awerglawen änneren

  • Setzt sech am Laf vun engem eenzegen Dag dräimol en Himmelsdéierchen op déi selwecht Persoun, da gëtt déi ni méi vum Gléck verlooss.[5]
  • Erschéngt en Himmelsdéierche matzen am Wanter an engem Haus, da bedeit dat, datt d'Gléck dat Haus e Joer laang net méi verléisst. — Déi biologesch Erklärung vum onerwaarten Optriede vum Kiewerlek ass déi heiten: D'Himmelsdéiercher iwwerwanteren dacks an den Haiser, an do kann et alt virkommen, datt de Raum, wou si sinn, gehëtzt gëtt an datt si dann aus hirer Wanterlethargie (Winterstarre op Däitsch) erwächen a ronderëm krabbelen oder fléien.[5],[6]
  • Flitt engem Meedchen en Himmelsdéierchen zou, da soll et d'Punkten op deem sengem Réck zielen. Sou vill Punkte wéi drop sinn, sou vill Joer dauert et nach, bis hatt Hochzäit feiere kann.[7]

Literatur änneren

  • Klees, H., 1981. Luxemburger Tiernamen (inbegriffen, in 2. Auflage, die 'Luxemburger Vogelnamen' von Henri Rinnen). Luxemburg (= Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV): 56.
  • Nimax, P., 1984. Mäi Land, mäi Lidd: Lëtzebuerger Lidder. [Fir Piano gesat vum Pierre Nimax; Nouteschrëft: Ady Mootz; Zechn.: Liane Nimax]. 67 S. RTL Edition, Impr. St. Paul, Luxembourg.
  • Reiffers, J., 1997. Les coléoptères coccinellidés de la vallée de la Moselle luxembourgeoise. Mémoire scientifique, Luxembourg, 135 S. BNL
  • Schartz, G., 1995. Les coccinelles (Insecta, Coleoptera) de plusieurs pelouses sèches du Luxembourg. Mémoire scientifique, Luxembourg, 139 S. BNL
  • Schneider, N. & A. J. M. Loomans, 2006. Sur la présence au Luxembourg de la coccinelle arlequin Harmonia axyridis (Pallas, 1773) (Insecta, Coleoptera, Coccinellidae). Bull. Soc. Nat. luxemb. 106: 71-74. PDF
  • Welter, Nikolaus, 1929. Das Luxemburgische und sein Schrifttum. 9., durchges. Aufl. 158 S. G. Soupert, Luxemburg.

Um Spaweck änneren

Commons: Himmelsdéiercher – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Himmelsdéierchen Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Cf. Luxemburger Wörterbuch online
  2. Cf. Schneider & Loomans 2006 an der Literatur.
  3. Cf. Nimax 1984 an der Literatur.
  4. Cf. Welter 1929: 53 an der Literatur.
  5. 5,0 5,1 Mullenberger, A., 1932. Kleintiere als Gegenstände des Aberglaubens. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 42 (1932), S. 32s. [1]
  6. Kuckt och: Besuch beim Lampenschein. Escher Tageblatt 1943, Nr. 242 (15. Oktober), S. 3. [2]
  7. Marienkäferchen. Luxemburger Wort 1942, Nr. 128 (8. Mai), S. 3.
    Sieben Punkte… Escher Tageblatt 1943, Nr. 205 (2. September), S. 4. [3]