Hierzekrëpp
Foussgängerpad am Neiduerf
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Hierzekrëpp (och alt Hiirzekrëpp[1] oder Hiirsekrëpp) ass e Foussgängerwee am Quartier Neiduerf/Weimeschhaff vun der Stad Lëtzebuerg.
Ënnerhal vu(n) | Stad Lëtzebuerg (Verwaltung) |
---|---|
Situatioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Neiduerf/Weimeschhaff |
Koordinaten | 49°37'3,54"N, 6°9'4,10"O |
Morphologie | |
Längt | 343 m |
Héicht i. M. | 254 m |
Geographie änneren
Vun der Neiduerfer Strooss am Neiduerf aus, geet d'Hierzekrëpp op 254 Héichtemeter fort, leeft de Bierg aus a stéisst um Weimeschhaff op enger Héicht vun 327 m bei der Sainte-Sophie op d'Rue Marguerite de Busbach. De Pad huet knapps 170 Träppleken an eng Steigung vun eppes méi wéi 21 %.
Numm änneren
Den Numm geet op d'Fudderkrëpp fir d'Hirschen[2] aus dem fréiere Déieregaart vum Mansfeldschlass zeréck[3],[4].
Trivia änneren
Am Neiduerf gouf et fréier am Ufank vum Wee eng Wiertschaft mam Numm an der Hierzekrëpp, an där 1904 de Veräin Société de Secours gegrënnt gouf, aus där spéider d'Neiduerfer Musek ervirgoung.
Biller änneren
-
Vun der Hierzekrëpp aus op d'Diech vum Neiduerf gekuckt
Kuckt och änneren
Literatur änneren
- Théato, Fernand, and Chorale Sang a Klang. Kräiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Lëtzebuerg. Pafendall: Chorale Sang & Klang, 2006. Print.
Um Spaweck änneren
Commons: Hierzekrëpp – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ fréier Schreifweis
- ↑ Hiirz = vereelst fir Hirsch. Luxemburger Wörterbuch. Gekuckt de(n) 23.04.2021.
- ↑ Hiirzekrëpp. Luxemburger Wörterbuch. Gekuckt de(n) 23.04.2021.
- ↑ Fernand Théato, an der Literatur (S. 60)