Herse (Mound)

Jupitermound


Den Herse (och Jupiter L) ass ee vun de klenge Jupitermounden.

Herse
(Jupiter L)
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 22.983.000km
Periapsis 17.511.000 km
Apoapsis 28.455.000 km
Exzentrizitéit 0,238
Ëmlafzäit 714,51 Deeg
Ëmlafvitess 2,34 km/s
Inklinatioun 164,92°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser ≈ 2 km
Dicht ≈ 2,6
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 23,4
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 8. Februar 2003

Entdeckung änneren

Den Herse gouf de 6. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. De Mound krut ufanks d'Bezeechnung S/2003 J 17, a gouf offiziell den 9. November 2009 no der Herse genannt, enger Duechter vum Kinnek Kekrops aus der griichescher Mythologie.

Bunndonnéeën änneren

Den Herse kreest a 714 Deeg, 11 Stonnen a 17 Minutten op enger mëttlerer Distanz vun 22.992.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2378. Mat enger Schréi vun 164,917° géint d'Ekliptik ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Herse zu der Carme-Grupp gerechent.

Physikalesch Donnéeën änneren

Den Herse huet en Duerchmiesser vu ronn 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs. En huet eng ganz donkel Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonnenliicht gi reflektéiert.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren