D'Henriette Besseling, bestuet Clement-Besseling, gebuer den 22. Mäerz 1891 zu Rodange a gestuerwen de 24. Oktober 1958 zu Rheinfelden, an der Schwäiz, war eng lëtzebuergesch Léierin an Autorin.[1]

Henriette Besseling
Gebuer 22. Mäerz 1891
Rodange
Gestuerwen 24. Oktober 1958
Rheinfelden
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Enseignant
Famill
Bestuet mat Hubert Clément

Si war Léierein zu Bungeref, an du vun 1912 un zu Esch-Uelzecht.

Si war 1930 Matgrënnerin vum Foyer de la Femme a bis 1958 deem seng Presidentin, huet fir d'Fraesäit am Escher Tageblatt geschriwwen, a war Auteur ë. a. vum Kannerbuch, Lisette (1921).

Si war d'Fra vum Tageblatt-Direkter a Politiker Hubert Clement.

Wierk änneren

  • Lisette. Histoires pour les enfants. Illustrations de Mathias Weber. 1921.

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Fiche op autorenlexikon.lu.