Heis (Moundkrater)

Moundkrater


Den Heis ass e klengen Aschlagkrater am Nordweste vun der viischter Moundsäit um Flaachland vum Mare Imbrium, südlech vum Krater C. Herschel a westlech vum Dorsum Heim. Am Südweste läit de méi grousse Krater Delisle. Tëschent deem an dem Heis verleeft d'Rima Delisle, nërdlech dovun läit d'Rupes Boris, e Gebitt vu speziellem Interessi wärend den Apollo-Missiounen. Den nërdleche Rand gëtt vum Niewekrater Dorsum A iwwerlagert.

Heis
De Krater Heis an C. Herschel mam Dorsum Heim (LROC-WAC)
Koordinaten 32°28'12"N, 31°58'48"W
Duerchmiesser 13,55 km
Déift 1910m[1]
Selenographesch Längt 32° bei Sonnenopgank
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ04
Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 32,71° N, 31,95° W7 6 km [1]
D 31,64° N, 31,13° W7 8 km [2]

De Krater gouf am Joer 1935 vun der I.A.U. nom däitschen Astronom Eduard Heis (1806–1877) genannt, deen och an der Meteorfuerschung geschafft hat.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.