Den Hall ass en Aschlagkrater op der nordëstlecher viischter Moundsäit. Hie läit nërdlech vum Krater G. Bond um Flaachland vum Lacus Somniorum. De Krater ass ganz staark erodéiert a virun allem am Süde a Westen ass de Kraterrampli komplett verschwonnen. Am Weste leeft d'Moundrill Rima G. Bond.

Hall
De Krater Hall an Ëmgéigend (LROC-WAC)
Koordinaten 33°48'36"N, 36°45'0"O
Duerchmiesser 31,8 km
Selenographesch Längt 323° bei Sonnenopgank
Genannt no Asaph Hall
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ05
Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
C 34,68° N, 35,86° O7 6 km [1]
J 35,45° N, 36,88° O7 8 km [2]
K 35,55° N, 34,24° O7 7 km [3]
X 35,68° N, 37,81° O7 4 km [4]
Y 36,32° N, 36,92° O7 4 km [5]

De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom amerikaneschen Astronom Asaph Hall genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren