Gemeng Wanseler

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Wolz

D'Gemeng Wanseler ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Wolz. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Wanseler vun där se och hiren Numm huet.

Gemeng Wanseler
D'Märei vu Wanseler
An anere Sproochen fr: Winseler
de: Winseler
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Wolz
Chef-lieu Wanseler
Buergermeeschter Romain Schroeder
Awunner 1.455
  1. Januar 2023
Fläch 3.042 ha
Héicht 334 m
Koordinaten 49° 58’ 02’’ N
      05° 53’ 24’’ O
LAU-Code LU0808
Websäit https://winseler.lu

Uertschaften an der Gemeng[1] änneren

Geographie änneren

D'Gemeng Wanseler läit am Dall vun der Wolz, am Nordweste vum Kanton Wolz op der belscher Grenz, tëscht der Stauséigemeng, an de Gemenge Wolz a Wëntger. Am Nordweste stéisst se un d'Uertschaft Bras an der belscher Provënz Lëtzebuerg. Wanseler ass eng vun de siwe Gemengen aus dem Naturpark Uewersauer.

Wanseler ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer den CR319. Bis 1967 war Wanseler och un d'Eisebunnsnetz ugebonnen an zwar iwwer d'Streck Wolz-Baaschtnech.

Geschicht änneren

Entwécklung vun der Awunnerzuel änneren

Quell:STATEC

Wopen änneren

  Beschreiwung am Originaltext:

d'argent à l'aigle de sable, armé, bequée et languée de gueules, au chef du même chargé de trois losanges d'or
D.C. 23. September 1981 - A.M. 30. Oktober 1981 - Mémorial B 1981, Säit 1244 - Projet: 1981 Jean-Claude Loutsch

Politik änneren

De Gemengerot vun der Gemeng Wanseler gëtt nom Majorzsystem gewielt.

Buergermeeschteren[2],[3] änneren

  • 1810 - 1840: Nicolas Weinandy
  • 1840 - 1864: Jean-Pierre Weyrich
  • Vun 1864 - 1881 feelen d'Informatiounen
  • 1881 - 1902: Jean-Michel Weinandy
  • 1903 - 1904: Edouard Weyrich
  • 1904 - 1922: A. Weinandy
  • 1922 - 1926: Louis Klein
  • 1926 - 1944: Joseph Didier
  • 1945 - 1953: Pierre Kinnen
  • 1954 - 1975: Nicolas Eicher
  • 1976 - 1981: Théo Berg
  • 1982 - 2001: Camille Weiler
  • zanter 2002: Romain Schroeder

Kuckeswäertes änneren

Interkommunal Syndikater änneren

D'Gemeng Wanseler ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Literatur änneren

  • Evy Friedrich an anerer: Die Gemeinde Winseler mit Berlé, Doncols, Grümelscheid, Noertringen, Pommerloch, Schleif, Soller und Winseler, 1980, Bourg-Bourger, 210 S. + Unhang: Grenzwallonisch aus Doncols-Soller 103 S.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Wanseler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. Lëscht vun de Buergermeeschteren am Buch Die Gemeinde Winseler vun 1980, S. 14
  3. Lëscht mat de Gemengerotsmembere zanter 1946, op der Websäit vun der Gemeng Wanseler