Gemeng Wal

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réiden

D'Gemeng Wal war bis den 31. August 2023 eng lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réiden.

Gemeng Wal
d'Märei vu Wal
An anere Sproochen fr: Wahl
de: Wahl
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Réiden
Chef-lieu Wal
Buergermeeschter Christiane Thommes-Bach
Awunner 1.087
  1. Januar 2023
Fläch 1.974 ha
Héicht 448 m
Koordinaten 49° 50’ 09’’ N
      05° 54’ 20’’ O
LAU-Code LU0710
Websäit http://www.wahl.lu/
Grings zu Wal

De Chef-lieu war d'Uertschaft Wal, vun där se den Numm hat.

Op den 1. September 2023 ass se mat der Gemeng Groussbus zu der neier Gemeng Groussbus-Wal fusionéiert.

Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng[1] änneren

Uertschaften änneren

Lieu-diten änneren

Geographie änneren

Geschicht änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Fusioun änneren

2019 hunn d'Pläng vun enger Fusioun mat der Gemeng Groussbus ugefaangen. De 27. Juni 2021 gouf dofir an deenen zwou Gemengen e konsultative Referendum organiséiert[2]. Zu Wal hunn 62,25% vun de Wieler fir eng Fusioun gestëmmt (a 74,42% dofir zu Groussbus)[3],[4].

De Gemengerot fir d'Fusiounsgemeng Groussbus-Wal gouf scho bei de Gemengewalen vum 11.Juni 2023 gewielt.[5]

D'Fusioun ass zanter dem 1. September 2023 a Kraaft.

Entwécklung vun der Awunnerzuel vun der fréierer Gemeng änneren

Quell:STATEC

Wopen änneren

  Beschreiwung am Originaltext:

écartelé, au I et IV burelé d'argent et d'azur, au lion de gueules armé et lampassé d'or brochant, aux II et III burelé d'argent et de gueules. À la croix de sable brochant sur l'écartelé, chargée en abîme d'une croix tréflée d'or ornée de cinq rubis de gueules.
D.C. 17. Dezember 1983 - A.M. 6. Februar 1984 - Mémorial B 1984, Säit 375 - Projet: Jean-Claude Loutsch 1983

Politik änneren

De Gemengerot vun der Gemeng Wal gouf nom Majorzsystem gewielt.

Buergermeeschteren änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Literatur änneren

  • D'Geschicht vu Wahl, erausgi vum "Club des Jeunes Wahl", 1977

Interkommunal Syndikater änneren

D'Gemeng Wal war Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Wal – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 21.07.2020.
  2. John Lamberty: "2021: Grosbous und Wahl hoffen auf Ja-Wort der Bürger." wort.lu, 02.01.2021.
  3. Marc Hoscheid, Bürgersegen für Gemeindehochzeit, Luxemburger Wort 28.06.2021, S. 14
  4. Groussbus a Wal: Majoritéit vun de Wieler huet fir eng Fusioun gestëmmt. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-06-28.
  5. Definitives Ja zur Fusion zwischen Grosbous und Wahl. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe. wort.lu (04.03.2022). Gekuckt de(n) 04.03.2022.