D'gebonne Rotatioun oder och Synchron Rotatioun ass e Begrëff aus der Astronomie deen de Phenomeen vun zwéin Himmelskierper beschreift déi sech enk ëmkreesen, woubäi d'Eegendréiung vun deem mat manner Mass ofhängeg vun der Ëmlafperiod ëm den aneren Himmelskierper ass, a sou mat hir gekoppelt ass.

Bei enger gebonnener Rotatioun ass vum Zentralkierper aus eng Säit vum Satellit stänneg an déi aner Säit – hei gréng duergestallt – ni ze gesinn.
Déi nëmmen duerch Satellittefotoe bekannt Moundrécksäit.

D'gebonne Rotatioun fënnt ee bei Mounden, Planéiten a Stären. Beim Äerdmound ass Gezäitereiwung d'Ursaach, bei munnechen Duebelstärsystemer bremse staark Magnéitfelder d'Rotatioun wéi z. B beim AM-Herculis-Stär.

Eegenschaften änneren

Bei der gebonnener Rotatioun ass d'Rotatiounsperiod vum Planéit respektiv Mound d'selwecht wéi seng Ëmlafzäit ëm den Zentralkierper, d'Rotatiounsachs steet ongeféier vertikal zum Bunnplang an den Dréisënn ass d'selwecht. Dat heescht, wärend engem Ëmlaf dréit hien dem Zentralkierper ëmmer déi selwecht Säit zou (vgl. éischt Bild).

An de meeschte Fäll ass den Zentralkierper däitlech méi schwéier wéi säi Begleeder. Da wierke seng héich Gezäitenacceleratiounen op e vergläichswäis klenge Masseninertiemoment méi ofgeschwächt. Wann d'Massen net ze verschidde sinn, dann ass den Zoustand vun der gebonnener Rotatioun meeschtens nach net erreecht. An deem Fall ka sech de gebonnenen Zoustand um Enn bei béide Kierper astellen, soudatt béid Kierper sech vum aneren aus gesinn net dréien. Dat ass dann eng duebel gebonne Rotatioun.

Am Allgemengen ass d'Bunn kee geneeë Krees, also d'Wénkelvitesse vun der Bunnbeweegung ass net konstant an nëmmen an der Moyenne d'selwecht wéi d'Rotatiounsvitesse. Doduerch sinn z. B. am Laf vun engem Mount och schmuel Randgebdder vun der Moundrécksäit ze gesinn, kuckt Libratioun.

Bedeitung fir extrasolar Planéiten änneren

Bis elo gouf ugeholl, datt bei Stären, déi méi kleng si wéi eis Sonn, Planéiten op enger potentiell liewensfrëndlecher Distanz zu der Sonn eng gebonne Rotatioun hunn. Well dobäi op der sonnenofgedréiter Säit disponibelt Waasser an eventuell déi ganz Atmosphär veräise géif, fält nees d'Warscheinlechkeet vun enger liewensfrëndlecher Ëmgéigend. Deem kann awer den Effet vun den „thermesche Gezäiten“ entgéintwierken, bei deem sech wéinst der Inertie bei der Opwiermung en hannendrun lafenden thermesche Gezäitebierg opbaut. Bei der Venus verhënnert deen Effet déi gebonne Rotatioun zu der Sonn. Nei Hypotheese ginn awer dovun aus, datt souguer dënn, äerdänlech Atmosphären eng gebonne Rotatioun verhënnere kënnen, wat d'Warscheinlechkeet vun der Existenz vun extraterrestreschem Liewen erhéije kéint.[1]

Lëscht vu gebonnene Mounden an Himmelskierper änneren

Sonnesystem änneren

Uschloss un die Äerd

Uschloss un de Mars

Uschloss un de Jupiter

Uschloss un de Saturn

Uschloss un den Uranus

Uschloss un den Neptun

Uschloss un de Pluto

  • Charon (De Pluto ass selwer och un de Charon gebonnen)

Extrasolar änneren

Literatur änneren

  • J. Audouze, Guy Israel: Cambridge Atlas of Astronomy. Cambridge University Press and Newnes Books, Cambridge 1985, ISBN 0-521-26369-7.
  • C. D. Murray, S. F. Dermott: Solar System Dynamics. Cambridge University Press, Cambridge 2003, ISBN 0-521-57597-4.

Referenzen änneren

  1. Rainer Kayser: Atmosphär verhënnert gebonne Rotatioun. Bei: WeltDerPhysik.de. 15. Januar 2015.