De Phobos, vum griich. Φόβος fir „Angscht“, ass de gréisste vun de béide Marsmounden. Den zweete Mound heescht Deimos. Genannt ass de Phobos nom Phobos, dem Jong a Begleeder vum griichesche Krichsgott Ares (lat. Mars).

Phobos
Phobos a Faarf vum Mars Reconnaissance Orbiter (2008)
Entdeckung
Entdecker Asaph Hall
Datum vun der Entdeckung 18. August 1877
Date vum Orbit
Hallefachs 9378
Periapsis 9236
Apoapsis 9519
Gravitatioun 0,00061 g
Exzentrizitéit 0,0151
Ëmlafzäit 0,3189 Deeg
Inklinatioun 1,075°
Physikalesch Daten
Duerchmiesser 26,8 × 22,4 × 18,4 km
Uewerfläch ca. 6350 km2
Mass 1,072 • 1016[1]
Dicht 1,887[2]
Gravitatioun un der Uewerfläch 0,00061 g
Rotatiounsdauer 7,65384 h
Fluchtvitesse 10,3 bis 12,2 km/s
Albedo 0,07
Visuell Magnitude 11,3 bis 14,8
Uewerflächentemperatur 163–268

De Phobos gouf am Joer 1877 zesumme mam Deimos vum US-amerikaneschen Astronom Asaph Hall um US Naval Observatory zu Washington D.C. entdeckt.[3]

Eegenschaften änneren

 
Sonnendäischtert duerch Phobos op der Marsuewerfläch, observéiert vun Opportunity

Mat enger grousser Bunnenhallefachs vun nëmmen 9378 Kilometer beweegt sech de Phobos mat engem Obstand vu manner wéi 6000 km vun der Marsuewerfläch, ëm de Planéit a brauch fir een Ëmlaf 7 Stonnen, 39 Minutten an 12 Sekonnen. Seng Ëmlafperiod ass domat méi kleng wéi d'Period vun der Marsrotatioun. Mat sengem rechtleefegen Ëmlafsënn iwwerhëlt hie sou d'Marsuewerfläch a geet do – anescht wéi déi aner Himmelskierper – am Westen op an am Osten ënner. D'Opgäng respektiv Ënnergäng sinn an engem Intervall vun 11 Stonne 6 Minutten an 18 Sekonnen, soudatt se pro Dag zweemol, heiansdo och dräimol geschéien. D'visuell Magnitude (bezunn op den Duerchmiesser) vum Phobos bei der Kulminatioun um Marsequator entsprécht ongeféier der Hallschent vun eisem Vollmound. Déi visuell Hellegkeet vum Vollphobos erreecht um Marsequator bis zu −8,9 mag, also ongeféier en Zwanzegstel vun der Vollmoundhellegkeet. Duerch déi no Noperschaft zum Mars kënnt et bei jiddwer Ëmlaf vum Phobos zu enger Sonnendäischtert an zu enger Mounddäischtert. D'Sonnendäischterte sinn allerdéngs ni total, well de visuellen Duerchmiesser vun der Sonn mat ronn 20 Bouminutten däitlech méi grouss ass wéi dee vum Phobos (kuckt och: Phobosduerchgank virum Mars).

 
Gréisst a Vitess vum Phobos (riets) an Deimos (lénks) am Verglach (Observéiert vum Spirit)

De Bunneplang vum Phobos ass nëmmen 1,08° géint den Equatorplang vu sengem Planéit gebéit. Am Ënnerscheed zum Deimos läit d'Ëmlafbunn vum Phobos bannenzeg vun där fir d'Gezäitekräfte kritescher Roche-Grenz vum Mars a kënnt dem Planéit ëmmer méi no. Den Ofstand reduzéiert sech an engem Joerhonnert ëm 1,8 Meter, soudatt den Trabant a ronn 50 Millioune Joer ofstierze wäert. Et awer ugeholl, datt hien duerch déi ëmmer méi staark Gezäitekräfte virdrun auseneebrécht an e Rank ronderëm de Planéit formt, wéi dat z. B. beim Saturn ass.

De Phobos huet wéi den Äerdmound eng gebonne Rotatioun, dat heescht, hien dréint dem Mars ëmmer déi selwecht Säit zou. De klengen Trabant ass en onreegelméisseg geformte Kierper, deen als dräiachsegen Ellipsoid mat Achse vu 27, 22 an 19 Kilometer modelléiert ka ginn. Déi längst Achs vum Marsmound weist duerch déi gebonne Rotatioun op de Planéit zou. En huet eng mëttel Dicht vun 1,887 g/cm³ (wat vill manner ass, wéi déi vum Mars) an e Volume vu 5680 Kubikkilometer.[2] Hien ass mat enger Stëbsschicht iwwerzunn, dem sougenannte Regolith, wéi en och op eisem Mound virkënnt.

D'Zesummesetzung ass onkloer, am warscheinlechste schéngt kuelestoffhaltegt Material, bedeckt mat ongeféier engem Meter Regolith (Zesummesetzung bal d'selwecht wéi déi vum Regolith vum Äerdmound, aus Silizium, Sauerstoff an Eisen). Och kleng Deeler vu Waasser oder Methan kéinten um Phobos sinn. Hien zitt eng Spuer vu verdämpte flüchtegen Elementer hanner sech; am warscheinlechste Waasser.[4]

Uewerfläch änneren

 
Den zéng Kilometer grousse Krater Stickney um Phobos, Foto vum Mars Reconnaissance Orbiter an (iwwerbetounte) Falschfaarwen (2008)
 
De Phobos-Monolith (riets vun der Mëtt), opgeholl vum Mars Global Surveyor (MOC Image 55103) 1998

De gréissten an opfällegste Krater um Phobos heescht Stickney, nom Meederchersnumm vun derChloe Angeline Stickney Hall (18301892), der Fra vum Phobos-Entdecker. Si hat hire Mann bei der Sich vun de Marsmounden opgemontert, wéi dee scho wollt opginn.[5] De Krater huet ronn 10 Kilometer am Duerchmiesser. De verantwortlechen Impakt muss – änlech wéi beim Krater Herschel um Mimas – de klenge Mound bal zerrappt hunn.

Weider, no bekannten Astronome genannt Krater op Phobos sinn:

De Phobos huet och ee Biergréck (Dorsum), deen nom Johannes Kepler (15711630) genannt gouf.

E klengt, awer opfällegt Uewerflächekennzeechen ass de sougenannte Phobos-Monolith, dee sech schaarf vu senger Ëmgéigend ofzeechent an an der Géigend vum Stickney-Krater ass.

Entstoen änneren

 
Stickney op enger Schwaarzwäiss-Foto vum Mars Global Surveyor (2003)

Seng Genesisgeschicht ass onkloer. Duerch seng onreegelméisseg Form gouf – wéi och am Fall vum Deimos – allgemeng ugehol, datt et en agefaangenen Asteroid ass. Villes deit drop hin, datt Phobos e sougenannte Rubble Pile ass, en Dreckskierper, deen nëmmen duerch Gravitatioun zesummegehale gëtt.[1]

Duerch zwou onofhängeg Auswärtunge vu Miessunge vun der ESA-Sond Mars Express an der NASA-Sond Mars Global Surveyor am Joer 2010 gëtt elo och a Betruecht geholl, datt de Phobos duerch en Zesummestouss entstane kéint sinn: Kuuschtematerial gouf duerch en Asteroidenaschlag um Mars an d'Ëmlafbunn geschleidert, wou et sech agglomeréiert hat. D'Material ass zimmlech porös a manner dicht wéi en Asteroid. Et gëtt och diskutéiert, ob de Phobos den Iwwerrescht vun engem eelere, futtisse Mound ass.[6]

Fuerschung änneren

 
Phobos op enger Foto vum Viking Orbiter 1 (1978)

Well de Phobos sou no beim Mars steet, ass hie schwéier am Teleskop z'erkennen, well hie vum Mars fërmlech iwwerstraalt gëtt. Säi Wénkelofstand ass wärend enger duerchschnëttlecher Oppositioun vum Mars nëmme maximal 16 Bousekonne vun der Planéitenuewerfläch ewech. De Planéit ass awer iwwer 13 Gréissteklassen, dat heescht, méi wéi 200.000-mol méi hell wéi säi Mound.[7] Sou gouf hien eréischt am Joer 1877 vum Hall entdeckt.

Déi sowjetesch Sonde Fobos 1 an 2 sollten op dem Trabant landen a mat engem raffinéierte Mechanismus op dem Mound „hin an hier sprangen“. Kuerz virum Verluergoe vun de béide Sonde konnten déi Gasausbréch um Phobos feststellen. Wou déi hierkoumen, ass onbekannt; eventuell war et Waasserdamp.

Den 8. November 2011 hat Russland d'Missioun Fobos-Grunt gestart, déi op Phobos Buedemprouwe sammelen an op d'Äerd zeréckbrénge soll. China hat sech un dëser Missioun mat enger eegener Marssond Yinghuo-1 bedeelegt. D'Zündung vum Dreifwierk, déi d'Sond aus dem Äerdorbit op Marskurs brénge sollt, war schifgaangen.[8]. De 15. Januar 2012 ass d'Sond an der Äerdatmosphär iwwer dem Ostpazifik vergloust. Weider sinn Missioun Prime vun der Canadian Space Agency mat zwou Sonden an d'Missioun Asaph vun der NASA geplangt.[9]

No Fotoe vum Phobos goufen 1971 duerch Mariner 9, 1977 duerch Viking 1, 1988 duerch Fobos 2 an 1998 souwéi 2003 duerch Mars Global Surveyor gemaach.

Fir den 1980 gefalene Meteorit Kaidun gouf Phobos als méigleche Mammekierper virgeschloen. Sollt dat de Fall sinn, géif Phobos haaptsächlech aus engem kuelegen CR-Chondrit-Material bestoen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Phobos – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Massbestëmmung duerch Oflenkung vum Mars Express (2008)
  2. 2,0 2,1 https://web.archive.org/web/20081124203508/http://www.dlr.de/mars/DesktopDefault.aspx/tabid-207/422_read-13776/ Nei Erkenntnesser iwwer de Marsmound Phobos (DLR; 16. Oktober 2008)
  3. Stuart Clark: Cheap flights to Phobos. New Scientist, 30. Januar 2010, S. 29
  4. http://www.neunplaneten.de/nineplanets/phobos.html
  5. Manfred Holl: Asaph Hall (1829-1907)
  6. http://www.wissenschaft.de/wissenschaft/news/311985.html
  7. Berechent aus Ofstänn zu der Marsuewerfläch no Donnéeen an den Datentabelle vum Artikel Mars (Planéit) an dësem Artikel.
  8. Marssond am Äerdorbit gefaangen bei Raumfahrer.net, ofgeruff 10. November 2011
  9. „Auf zum Mars“, Astronomie heute, September 2007