D'Gara (Baskesch fir "mir sinn") ass eng zweesproocheg (Baskesch a Spuenesch) Dageszeitung déi zu Donostia am Baskeland (Spuenien) erausgi gëtt, mat erkläertem Zil d'Terrororganisation ETA z'ënnerstëtzen.

Den offizielle Gara-Logo

D'Gara huet eegenen Indikatiounen no 130.000 Lieser a kënnt zanter dem 30. Januar 1999 eraus. Si gesäit sech als Nofollgerin vun der lénksgeriichtener a pro-separatistescher Egin, déi de 15. Juli 1998 vun der spuenescher Regierung ënner dem José María Aznar verbuede gouf.

Den 12. Mäerz 2004 huet se och international vu sech schwätze gemaach, wéi se um 18 Auer ze melle wousst, eng Persoun hätt am Numm vun der ETA bei hir ugeruff, fir d'Bedeelegung vun der ETA un de Madrider Zuchuschléi ze dementéieren.

Um Spaweck änneren