Autonom Gemeinschaft Baskeland
Baskeland (sp: País Vasco, bask: Euskadi) ass eng Regioun an eng autonom Gemeinschaft a Spuenien.
Baskeland | ||||
| ||||
Land | Spuenien | |||
Haaptstad | Vitoria | |||
Offiziell Sprooch(en) | Spuenesch a Baskesch | |||
---|---|---|---|---|
Fläch | 7.234 km² | |||
Awunner | 2.141.860 2007) | |||
Bevëlkerungsdicht | 295,0 Aw. / km² | |||
Autonome Statut | 22. Dezember 1979 | |||
Offizielle Feierdag | Ouschtersonnden | |||
President | Juan José Ibarretxe (PNV) | |||
Lag vum Baskeland a Spuenien | ||||
Autonom Gemeinschafte vu Spuenien |
Geographie änneren
D'Baskeland läit am Norde vu Spuenien a grenzt am Norden u Frankräich, am Süden u La Rioja an un Kastilien-León, am Westen u Kantabrien an am Osten un Navarra. D'Baskeland huet eng Fläch vu 7.234 km² an hëlt domat 1,4 % vu Spuenien an. D'Haaptstad ass Vitoria-Gasteiz.
Andeelungen änneren
Baskeland ass an 3 Provënzen agedeelt, déi hirersäits an 250 Gemengen agedeelt sinn.
Numm | Haaptstad | Provënz | Haaptstad |
---|---|---|---|
Baskeland | Vitoria-Gasteiz | Álava | Vitoria-Gasteiz |
Guipúzcoa | San Sebastián | ||
Vizcaya | Bilbao |
Geschicht änneren
D'Baskeland ass zanter dem 22. Dezember 1979 eng autonom Gemeinschaft.
Politik änneren
De President ass de Juan José Ibarretxe (PNV). Am spuenesche Kongress huet d'Baskeland eng Parlamentaresch Vertriedung mat 19 Sëtz, an am Senat mat 3 Sëtz.
Demographie änneren
2007 gëtt et 2.141.860 Awunner am Baskeland, dat sinn 4,8 % vun der spuenescher Populatioun.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Basque Country – Biller, Videoen oder Audiodateien |