Fritz

männleche Virnumm
Dëst Lemma huet méi wéi eng Bedeitung. Hei drënner stinn déi Artikelen, déi et fir déi verschidde Bedeitunge gëtt. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia.

Fritz ass een am däitsch- an engleschsproochege Raum geleefege männleche Virnumm an e Familljennumm.

Fritz
Geschlecht männleche Virnumm
Namensdag 18. Juli
Ursprong
Genannt no Friedrich I. vun Utrecht
Varianten
Alternativen Fryco, Frits
Spëtznumm Fritzi
Änleche Familljennumm Fritz

Ursprong a Bedeitung vum Numm änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Friedrich.

Namensdag änneren

De Fritz (Friedrich) huet säin Namensdag den 18. Juli, als Referenz un de Frederik (~780-833), Bëschof von Utrecht (Holland).

Varianten an Ofkierzungen änneren

Fritz ass d'Kuerzform vu Friedrich an deels och vu Franz[1] .

An anere Sprooche gëtt et eng sëllege Varianten, sou wéi och an hiren Diminutiv- oder Affektivformen, sou z B.: Frietz, Fritschen, Fritzen, Frizen, Wrycz, Wricon, Wricz, Writzen, Wriza, Wryca, Wrycza a Wrycon.

Leit mam Numm Fritz änneren

Fritz als Virnumm änneren

  • Fritz Cohn (1866–1922), däitschen Astronom
  • Fritz Hartmann (1906–1974), däitsche Krichsverbriecher
  • Fritz Klein (1924–2011), DDR-Historiker
  • Fritz Kortner (1892–1970), éisträichesche Schauspiller
  • Fritz Lang (1890–1976), éisträichesch-US amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller
  • Fritz Mersch (1862–1937), lëtzebuergeschen Affekot, Deputéierten an Distriktskommissär
  • Fritz Rasp (1891–1976), däitsche Schauspiller
  • Fritz Rasqué (1906–1977), lëtzebuergesche Geeschtlechen, Professer an Auteur
  • Fritz Schneider (1900–1955), lëtzebuergesche Professer a Politiker
  • Fritz Stern (1926–2016), US-amerikaneschen Historiker
  • Fritz Straßmann (1902–1980), däitsche Cheemiker
  • Fritz Tillmann (1910–1986), en däitsche Schauspiller
  • Fritz Umgelter (1922–1981), däitsche Schauspiller, Film- an Theaterregisseur
  • Fritz Usinger (1895–1982), däitsche Schrëftsteller Lyriker, Essayist
  • Fritz Wagner (1896–1939), däitsche Moler
  • Fritz Weaver (1926–2016), amerikanesche Schauspiller
  • Fritz Wepper (gebuer 1941), däitsche Schauspiller
  • Fritz Zwicky (1898–1974), Schwäizer Physiker an Astronom

Fritz als Familljennumm änneren

  • Claude Fritz (* 1948), lëtzebuergesche Sänger, Theaterschauspiller a -regisseur
  • Johny Fritz (* 1944), lëtzebuergesche Museker, Professer a Komponist
  • Roger Fritz (1936–2021), däitsche Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur

Fiktiv Parsounen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Virnumm Fritz – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Familljennumm Fritz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch - Virnimm. www.actioun-letzebuergesch.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-16.