De Fra ("Brudder") Mauro, gebuer ëm 1385, gestuerwen 1459 zu Venedeg, war e venezianesche Pater a Kartograph.

D'Mappamondo vum Fra Mauro aus dem Joer 1459. D'Weltkaart reflektéiert d'europäesch topographesch Kenntnesser vun deemools, deemno déi Al Welt: Europa, Afrika, Asien.

De Kamaldulenser Mauro huet am Klouschter San Michele op der Insel mam selwechten Numm an der Lagun vu Venedeg gelieft.

Hien ass bekannt fir seng Weltkaart, déi en tëscht 1457 a 1459 fir de portugisesche Kinnek Alfonso V. gemaach huet. Dës Mapa mundi baséiert op der anticker Geographie vum Ptolemäus, et goufen awer och nei Erkenntnesser a Korrektiounen integréiert: Sou gouf dat op rezenten Expeditioune laanscht d'afrikanesch Westküst gesammelt Wëssen iwwerholl, an den Indeschen Ozean gouf net méi als Bannemier uginn, ronderëm dat Afrika an Asien mat engem Südkontinent verbonne wieren.

D'Kaart kann een deemno als de kartographeschen Iwwergang vum Mëttelalter zu der Neizäit ugesinn; si huet dozou bäigedroen, datt probéiert gouf, ronderëm Afrika ze seegelen, fir an den Indeschen Ozean ze kommen. Op hir ass Jerusalem och net méi als den Zentrum vun der geographescher Welt uginn.

D'Kaart gëtt an der Biblioteca Marciana versuergt.

De Krater Fra Mauro um Mound gouf no him genannt.

Wierk änneren

  • Il Mappamondo di Fra Mauro. A cura di Tullia Gasparrini Leporace; presentazione di Roberto Almagià. Roma: Istituto poligrafico dello stato, 1956.

Literatur änneren

  • Dokumente zur Geschichte der europäischen Expansion Band I: Die mittelalterlichen Ursprünge der europäischen Expansion. Hrsg. von Charles Verlinden und E. Schmitt. München: Beck, 1986. Darin: Kenntnisse des 15. Jahrhunderts von der Umschiffbarkeit Afrikas: die Weltkarte des "geographus incomparibilis" Fra Mauro als Beispiel (1459). S. 66–70.
  • Luciano Tajoli: Die zwei Planisphären des Fra Mauro (um 1460). In: Cartographica Helvetica Heft 9 (1994) S. 13–16 Volltext
  • Piero Falchetta: Fra Mauro's world map: with a commentary and translations of the inscriptions. Turnhout: Brepols, 2006. (Terrarum orbis vol. 5). ISBN 2-503-51726-9
  • Angelo Cattaneo: Fra Mauro's Mappamundi and fifteenth-century Venetian culture. Turnhout: Brepols, 2007. (Terrarum orbis vol. 8). ISBN 978-2-503-52378-1