Finsch (Moundkrater)

Moundkrater


De Finsch ass e ganz klenegen Aschlagkrater am mëttlere Beräich vum Mare Serenitatis, südsüdëstlech vum Krater Sarabhai. Well hie vollstänneg vun der Lava vum Mare iwwerdeckt ass, kann een nëmmen e schietaartegen Ëmress erkennen. Kratere vun dësem Typ ginn dofir och als Geeschterkrater bezeechent.

Finsch
Schif Usiicht vum Krater, Foto: Apollo 17
Koordinaten 23°34'48"N, 21°16'12"O
Duerchmiesser 4,05 km
Selenographesch Längt 339° bei Sonnenopgank
Genannt no Otto Finsch
Genannt am Joer 1976
Moundvéiereck LQ12

De Krater gouf 1976 vun der I.A.U. nom däitsche Fuerschungsreesenden Otto Finsch (1839–1917) genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren