Evelyn Hamann

däitsch Schauspillerin

D'Evelyn Hamann, gebuer de 6. August 1942 zu Hamburg an och do gestuerwen den 28. Oktober 2007, war eng däitsch Schauspillerin.

Evelyn Hamann
Gebuer 6. August 1942
Hamburg
Gestuerwen 28. Oktober 2007
Hamburg
Doudesursaach béisaartege Lymphom
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Synchronspriecher, Filmschauspiller, Theaterschauspiller

Liewen änneren

D'Evelyn Hamann koum aus enger Famill vu Museker. Hire Papp, de Bernhard Hamann, war Violonist, Orchesterdirigent vum NDR-Sinfonieorchester a Grënner vum Hamann-Quartett, d'Mamm war Sängerin a Musekspedagogin. Si hat och e Brudder, de Gerhard Hamann, dee gestuerwen ass. Hie war Professer fir Violoncello op der Musekshéichschoul Trossingen.

Vun 1964 bis 1976 war si mam Hans Walter Braun bestuet. No hirer Scheedung huet si zu Hamburg zeréckgezunn gelieft. Do ass si och an der Nuecht op den 29. Oktober 2007 un de Suitë vun engem Lymphdrüsekriibs, deen zéng Méint virdru diagnostizéiert gi war, gestuerwen.

D'Evelyn Hamann gouf am däitschsproochege Raum virun allem duerch hir Rollen an de Sketcher vum Loriot bekannt, déi an den 1970er an 1980er Jore vu Radio Bremen produzéiert goufen.

Filmographie (Auswiel) änneren

TV änneren

Kino änneren

Auszeechnungen änneren

Um Spaweck änneren