Thomas Gottschalk

däitsche Moderator
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Thomas Johannes Gottschalk, gebuer den 18. Mee 1950 zu Bamberg, ass en däitsche Radio- a Fernseemoderator, Entertainer a Schauspiller, dee besonnesch als Moderator vun der TV-Emissioun Wetten, dass..? bekannt ass.

Thomas Gottschalk
Gebuer 18. Mee 1950
Bamberg
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit vu München
Aktivitéit Schauspiller, Televisiounsmoderateur, Dréibuchauteur, Radiosspeaker, Saachbuchauteur, Journalist, Filmregisseur, Filmschauspiller, Filmproduzent, Televisiounsproduzent, Rapper

Biographie änneren

Jugend an Ausbildung änneren

Den Thomas Gottschalk gouf als Fils vum Affekot Hans Gottschalk (* 1902 zu Oppeln/Oberschlesien; † 1964 zu Kulmbach) zu Bamberg gebuer. D'Famill war aus Oberschlesien geflücht an huet sech am fränkesche Kulmbach néiergelooss. De Gottschalk war Ministrant an der Kulmbacher Parkierch „Zu Unserer Lieben Frau“. Hien huet 1971 säin Abitur um humanistesche Markgraf-Georg-Friedrich-Gymnasium zu Kulmbach gemaach. Niewebäi war en nach als DJ an engem Kulmbacher Danzlokal beschäftegt an huet Nohëllefstonne ginn. Doriwwer eraus huet en nach als Kanner- a Jugendbetreuer vun der kathoulescher Kierch geschafft. Eng Bourse vun der Däitscher Bëschofskonferenz huet him erlaabt, Germanistik a Geschicht zu München ze studéieren. Do ass hien der kathoulescher Studentenorganisatioun Tuiskonia bäigetratt. Méi spéit war de Gottschalk Member am Bundesvorstand vum Cartellverband. Hien huet d'Pressereferat vum gréissten europäeschen Akademikerverband geleet.

Filmer (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Thomas Gottschalk – Biller, Videoen oder Audiodateien