D'Eva Ahnert-Rohlfs, gebuer als Eva Rohlfs, den 11. August 1912 zu Coburg a gestuerwen den 9. Mäerz 1954 zu Sonneberg, war eng däitsch Astronomin.

Eva Ahnert-Rohlfs
Gebuer 11. August 1912
Gestuerwen 9. Mäerz 1954
Sonneberg
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit vu München,
Friedrich-Schiller-Universitéit,
Universitéit Göttingen
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker
Famill
Bestuet mat Paul Oswald Ahnert

D'Eva Rohlfs ass an der fréierer thüringescher Residenzstad Coburg opgewues. Nom Abitur huet si vun 1931 bis 1933 zu Würzburg, zu München an zu Kiel studéiert. No laanger Ënnerbriechung huet si wärend dem Zweete Weltkrich hire Studium op der Universitéit Göttingen 1942 nees opgeholl. 1945 goung si als wëssenschaftlech Mataarbechterin an den Observatoire Sonneberg, vu wou aus net nëmmen de Stärenhimmel, mä och déi nëmme 25 Kilometer wäit ewech leiend Veste Coburg gutt z'observéieren ass. Als Assistentin vum Cuno Hoffmeister, deen Direkter vum Observatoire war an ausserdeem och nach Professer zu Jena war, huet si 1951 op der Friedrich-Schiller-Universitéit op dem Gebitt vun der Astrophysik promovéiert. 1952 gouf si mam Paul Ahnert bestuet, deen och als Astronom zu Sonneberg geschafft huet. Den Erfolleg vun hirer wëssenschaftlecher Aarbecht an hirem perséinleche Gléck gouf duerch déi däitsch Deelung behënnert an hir Heemechtsstad Coburg war Ufank der 1950er Joer fir si net méi z'erreechen. D'Eva Ahnert-Rohlfs ass am 42. Liewensjoer un de Follge vun enger onglécklecher Gebuert gestuerwen.

Schrëften änneren

Literatur änneren

  • C. Hoffmeister: Eva Ahnert-Rohlfs. In: Die Sterne. Heft 5/6, Joergank 1954, S. 103–105.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren