Astrophysics Data System

Den Astrophysics Data System (ADS) ass eng vun der NASA finanzéiert Datebank fir Fachliteratur um Gebitt vun der Astronomie a vun der Astrophysik. Erfaasst sinn och Publikatiounen aus der Physik an der Geophysik souwéi elektronesch Virofdréck vum ArXiv-System.

Logo vum ADS

D'ADS ass déi gréisst Literatursammlung am Beräich vun der Astronomie. Informatiounen, Titelen, Autoren, Zesummefaassungen (Abstract) an Zitéierheefegkeete si fräi zougänglech. Vill eeler Fachpublikatioune si vollstänneg ofruffbar, wärend nei Publikatiounen iwwer Linke gewéinlech nëmme fir Abonnenten op sinn.

Am Mäerz 2008 waren 1,5 Milliounen Datesätz aus der Astronomie/Astrophysik, 4,13 Milliounen aus der Physik an 0,47 Milliounen ArXiv-Datesätz benotzbar.

D'Benotzerschnëttstell zeechent sech duerch en héije Funktiounsëmfang aus. Wéinst der vergläichsweis spartanescher an einfacher Formatéierung vun de Websäite funktionéiert d'Duerstellung mat alle Browser.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren