Den Eu:CROPIS (Euglena and Combined Regenerative Organic-Food Production in Space) ass e Klengsatellit vum Däitschen Zentrum fir Loft- a Raumfaart. E gouf um Institut fir Raumfaartsystemer zu Bremen ënner Matwierkung vun aneren DLR-Ariichtungen entwéckelt a gebaut. Et ass dat éischt Exemplar vun der Satellitteserie vum Kompaktsatellit, kuerz CompSat. D'Notzlaascht gouf op der DLR-Standplaz Köln vum Institut fir Loft- a Raumfaartmedezin souwéi vun der FAU Erlangen-Nürnberg entwéckelt. D'Zil vun der Missioun ass fir nozeweisen, datt e bioregenerative Liewenserhalungssystem op Basis vu Bakteerien a Gréngalgen och ënner Schwéierkraaftbedéngunge wéi um Mound an um Mars funktiounsfäeg ass a (kënschtlechen) Urin an Nierstoffer fir Planzen ëmwandele kann. De Satellit gëtt vum GSOC ë. a. mat Hëllef vun der Buedemstatioun an Weilheim bedriwwen. Zanter dem erfollegräiche Start vum 3. Dezember 2018 ass de Satellit op engem niddregen Äerdorbit (LEO) vu 600 km Héicht.

Eu:CROPIS
De Fuerschungssatellit
Typ Fuerschungssatellit (Zär)
Land Däitschland
Agentur DLR
COSPAR-Bezeechnung 2018-099
Bunnhéicht 600 km
Mass 230 kg
Bunn-Ëmlafzäit
Exzentrizitéit
Start 3. Dezember 2018, 19:34 MEZ
Startplaz Vandenberg Air Force Base, USA
Drorakéit Falcon 9 v1.2 (Block 5)
Url
Status am Orbit

D'Notzlaascht vum Satellit besteet aus zwou Zären an zwéi Biofilteren. Dat si Lavasteng, an deenen hire Pore Bakteerien ugesidelt sinn. Doriwwer gëtt kënschtlechen Urin geriselt. D'Bakteerie wandelen den Urin an Nitrat ëm. Dee fir Planze schiedlechen Ammoniak, deen dobäi entsteet, gëtt nees vun de Gréngalgen ofgebaut. Dobäi entsteet Sauerstoff. Zesummen déngt dat fir d'Opzuucht vun Tomaten. Déi sinn d'Kontroll fir déi erfollegräich Ëmwandlung vum kënschtlechen Urin an den erfollegräichen Ofbau vum Ammoniak. Mat Hëllef vun LEDe gëtt en Dag-Nuecht-Rhythmus simuléiert. Als sekundär Notzlaascht sinn zwee Stralungsmoossinstrumenter u Bord, déi d'Stralebelaaschtung moossen. Als technesch Notzlaascht ass e Bordcomputer installéiert, deen d'Prinzip vum skaléierbare Bordrechner am All erprouwe soll. D'NASA huet och eng weider Notzlaascht u Bord. Power Cell generéiert mat Hëllef vu Bakteerien eng Rei biologesch Stoffer.

Fir déi kënschtlech Schwéierkraaft ze simuléieren, rotéiert de Satellit ëm seng Héichachs. An enger éischter Missiounsphas vu 6 Méint gëtt dobäi eng Schwéierkraaft wéi um Äerdmound (0,16 g) gebilt. Dono erfollegt eng séier Rotatioun, fir eng Schwéierkraaft wéi um Mars (0,38 g) z'erreechen. Nom Enn vun der Missioun gëtt de Satellit nach 18 Joer am Orbit gelooss, bis hien an der Äerdatmosphär vergloust. De Satellit gëtt iwwer véier ausklappbar Solarpanéile mat elektrescher Energie beliwwert. Hien ass 1,1 m héich an huet en Duerchmiesser vun engem Meter.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren