D'COSPAR-Bezeechnung och International Designator, kuerz NSSDC ID, ass d'Katalognummer vu jiddwer Raumfluchkierper op enger Ëmlafbunn, déi dem COSPAR gemellt gëtt. De Begrëff Raumfluchkierper gëtt dobäi generéis gesinn an ëmfaasst och all d'Objeten, déi no engem Start vun enger Rakéit entstane sinn an eng selbstänneg Ëmlafbunn hunn. De Sënn vun deene Bezeechnungen ass, fir all Raumfluchkierper - egal wéi grouss en ass a vu wou en hierkënnt - mat senge Bunndaten eendeiteg z'erfaassen an als Stéiergréisst aus astronomeschen Observatiounsdaten erausfilteren ze kënnen.

Éischt System 1957-1963 änneren

An astronomescher Traditioun (Stären, Koméiten an Asteroiden) gouf vun 1957 un all Éischtsiichtung (entspriechend engem Rakéitestart) mat Joreszuel an engem griichesche Buschtaf bezeechent. Wa méi Objeten z'ënnerscheede waren, krute se no hirer Gréisst en numereschen Index.

Vun 1961 un hunn duerch déi vill Siichtungen déi 24 Buschtawen net méi ausgereecht an et gouf en zweet Regëster fir d'Weiderziele gebraucht.

Aktuellt System zanter 1963 änneren

1963 gouf op dat haitegt Bezeechnungsschema Joer-lafend Nummer (zwou respektiv dräistelleg) alphabeteschen (laténgeschen) Index iwwergaangen.

D'Registréierung gëtt no der sécherer Bedeitung vum Objet verginn. Well mëttlerweil fir praktesch all Notzlaaschte Bezeechnunge vun de Bedreiwer benotzbar sinn, sinn d'Indizien A a follgend meeschtens d'Notzlaaschten, eréischt da kommen d'Rakéitestufen an ofgetrennt Deeler. Am Katalog sinn ongeféier 6500 Objeten agedroen (Stand 2008).

D'Bezeechnunge vum ale System goufen nodréiglech a Bezeechnunge vum neie System ëmgeännert.

Beispiller änneren

En anert Bezeechnungsschema fir kënschtlech Trabanten ass déi fënnefstelleg Satellite Catalog Number.

Um Spaweck änneren