Elia Kazan

US-amerikanesche Film- an Theaterregisseur a Schrëftsteller

Den Elia Kazan, griichesch Ηλίας Καζαντζόγλου, tierkesch Elias Kazancıoğlu, gebuer de 7. September 1909 zu Konstantinopel (haut Istanbul), am Osmanesche Räich, a gestuerwen den 28. September 2003 zu New York, war en US-amerikanesche Film- an Theaterregisseur a Schrëftsteller vu griicheschen Originnen.

Elia Kazan
Gebuer 7. September 1909
Konstantinopel
Gestuerwen 28. September 2003
New York
Nationalitéit USA, Griicheland
Educatioun Williams College,
Yale School of Drama,
Juilliard School
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schrëftsteller, Schauspiller, Theaterregisseur, Filmschauspiller, Regisseur
Famill
Bestuet mat Barbara Loden, Frances Kazan, Molly Kazan

An den 1950er Jore war hien ee vun de renomméiertsten an erfollegräichsten Hollywood-Regisseuren, dee mat senge Filmdrame wéi A Streetcar Named Desire (1951), On the Waterfront (1954) an East of Eden (1955) international bekannt gouf. Hie krut dräimol en Oscar an en Tony Award. Virdrun hat hie sech um Broadway als Theaterregisseur en Numm gemaach, z. B. mam Tennessee Williams sengem A Streetcar... an dem Henry Miller sengem Death of a Salesman. Hien huet den Actor's Studio mat gegrënnt, aus deem bekannt Schauspiller wéi de Marlon Brando oder den James Dean ervirgoungen (an déi a senge Filmer matgespillt hunn).

Zënter den 1970er Joren huet hie virun allem als Schrëftsteller geschafft, hien huet 7 Romaner an eng Autobiographie publizéiert.

Filmographie änneren

Literatur änneren

  • H. Belach, W. Jacobson: Elia Kazan. ISBN 3-931321-50-9.
  • Kazan Elia: Filmarbeit. Alexander, Berlin 2007.

Um Spaweck änneren

Commons: Elia Kazan – Biller, Videoen oder Audiodateien