Eddington (Moundkrater)

De Krater Eddington ass de mat Lava gefëllte Rescht vun engem Aschlagkrater. Hie läit am westlechen Deel vum Oceanus Procellarum op der viischter Äerdmoundsäit.

Eddington (Moundkrater)
D'Moundkrateren Eddington, Russell a Struve (LROC-WAC)
Eegenschaften
Breet 21,48° N
Längt -71,94° W
Duerchmiesser 120,13 km
Déift ?
Selenographesch Längt 72° bei Sonnenopgank
Genannt nom Arthur Stanley Eddington
(1882–1944)
Krut säin Numm am Joer 1964

Säi Westrand iwwerdeckt den Ostrand vum Struve-Krater an am Ost-Südoste läit de klengen, awer bekannte Seleucus-Krater. Am Süden ass de Krafft-Krater.

De südlechen an de südëstleche Randrampli si bal komplett verschwonnen, woufir een nëmmen nach e puer Fielsvirspréng an Hiwwelen am Mare gesäit, déi sech laanscht de fréiere Krater zéien. De Krater ass also éischter wéi eng Bucht vum Oceanus Procellarum ze gesinn, deen a Richtung Süden zum Mier hin op ass. De Buedem vum Krater ass praktesch flaach an et gëtt ausser dem bal verschwonnene Krater Eddington P am südëstleche Sektor keng wichteg Krateren am Haaptkrater.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
P 21,01° N, 71,08° W7 11 km [1]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren