Ecuador

Staat am Nordweste vu Südamerika


D'Republik Ecuador, op Spuenesch República del Ecuador, ass e Staat am Nordweste vu Südamerika tëscht Kolumbien a Peru. Am Weste stéisst Ecuador un de Pazifik

República del Ecuador
Republik Ecuador

Fändel vun Ecuador

Detailer

Offiziell Sprooch: Spuenesch
Haaptstad: Quito
Staatsform: Presidialrepublik
 • President: Daniel Noboa
Fläch: 256.370 km²
Bevëlkerung: 17.483.326 (2023)
D'Anden am Ecuador, mat zwee schnéibedeckte Vulkaner: lénks den Antisana, riets de Cotopaxi, 2004.

D'Haaptstad Quito läit an den Anden op enger Héicht vun 2.800 Meter, ongeféier 30 km südlech vum Equator.

Wéi den Numm et seet läit Ecuador um Equator, dee gréissten Deel vum Land läit awer südlech dovun.

D'Galápagos-Inselen déi zu Ecuador gehéieren, leien eng ronn 1.000 Kilometer virun der Küst.

Geographie änneren

Geographesch deelt d'Land sech a véier Haaptregiounen op:

  • Déi westlech Küstegéigend, déi aus Schwemmland besteet, an aus niddrege Bierger laanscht d'Küst. Duerch d'Küstegéigeng leeft de Río Guayas
  • D'Anderegioun, déi aus zwou Gebirgskette (Andekordilleren) besteet mat engem Héichdall dertëscht, wou de Vulkanismus staark ass.
  • Dat ëstlecht Amazonas-Déifland, Oriente genannt, op den Osthäng vun den Anden, an dem schwaach besiidelten ieweschten Amazonasbecken
  • D'Galápagos-Inselen.

Administrativ Andeelung änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Provënzen am Ecuador.

De Pëtrol änneren

Ecuador ass zanter dem November 2007 nees an der OPEC[1]

Medien änneren

Am Land gëtt et 11 méi grouss Dageszeitungen; déi gréisst dovun ass Extra.

Sproochen änneren

Déi offiziell Sprooch am Land ass Spuenesch.

Literatur änneren

  • Feser, V., 2007. Ecuador, inkl. Galápagos. Michael Müller Verlag, 4. aktualisierte und erweiterte Auflage, 672 S. (Dee warscheinlech beschte Guide fir Ecuador; den Auteur lieft zanter ville Joren zu Quito).


Um Spaweck änneren

Commons: Ecuador – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. D'Opec akzeptéiert Ecuador als Memberstaat