D'Anden sinn déi längst Gebiergskette vun der Welt (zirka 7000 km). Se zéie sech laanscht d'Westküst vu Südamerika vu Venezuela iwwer Kolumbien, Ecuador, Peru, Bolivien, Argentinien am Chile. Se bestinn aus 2 oder méi parallelen Haaptketten. Am mëttelste Segment a Peru, Bolivien, Nordchile an Nordargentinie leien déi Kette wäit auserneen, se ëmkreesen d'Héichland (Altiplano), wou matzen dran den Titicaca-Séi läit. Den Zentrum vum Inkaräich, Cuzco, läit nërdlech vum Héichland.

Reliefkaart vun den Anden
Cono de Arita, Salta (Argentinien)
Südlech Ande bei Santiago de Chile

Am Süde vum Ecuador sinn d'Ande bis 200 km breet; tëscht Arica (Chile) a Santa Cruz de la Sierra (Bolivien) am Oste si s'iwwer 600 km breet.

Bierger änneren

Den héchtse Bierg, den Aconcagua ass 6.962 m héich. E läit an Argentinien op der Grenz mam Chile.

Bekannt Bierger vun den Anden änneren

Aconcagua 6.962 m Argentinien
  Nevado Huascarán 6.768 m Peru
  Alpamayo 5.947 Peru
  Nevado Yerupajá 6.634 m Peru
  Nevado Illimani 6.483 m Bolivien
  Huayna Potosí 6.088 m Bolivien
  Cerro Torre 3.133 m Argentinien

Vulkaner änneren

D'Anden an d'mëttelamerikanesch Kordilleren hu staark seismesch a vulkanesch Aktivitéiten. Déi héchst Vulkaner vun der Welt sinn do ze fannen: De 6.795 m héije Monte Pissis an Argentinien an de 6.864 m héijen Ojos del Salad (Argentinien-Chile). Vulkanesch Phenomeener, wéi Solfatar, Geysir a Fumarole si wäit verbreet.

Bekannt aktiv Vulkaner
  Cotopaxi 5.897 m Ecuador
  Tungurahua 5.010 m Ecuador
  Pichincha 4.784 m Ecuador
  Villarrica 2.840 m Chile

Wéi sinn d'Anden entstanen? änneren

 
Bléck aus dem Fliger

D'Ande sinn ongeféier 60 Millioune Joer al.

Referenzen änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Andes – Biller, Videoen oder Audiodateien