Dominique Pinon

franséische Schauspiller


Den Dominique Pinon, gebuer de 4. Mäerz 1955 zu Saumur, (Maine-et-Loire), ass e franséische Schauspiller.

Dominique Pinon
Gebuer 4. Mäerz 1955
Saumur
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Cours Simon,
Universitéit vu Poitiers
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterschauspiller

Den Dominique Pinon huet zu Poitiers Literatur an duerno zu Paräis am Cours Simon Schauspill studéiert

Fir de Regisseur Jean-Jacques Beineix huet hien direkt am Ufank vu senge Carrière an 3 Filmer Diva (1980), La lune dans le caniveau (1983) a 37°2 le matin (1985) matgespillt.

Seng bescht Rolle krut hien awer a Filmer wéi Delicatessen (1991) an a La cité des enfants perdus (1995) allen zwéi vun de Regisseuren Jean-Pierre Jeunet a Marc Caro. Duerno huet hien nach a fënnef Filmer vum Jeunet interessant Rolle gespillt sou am Science-Fiction Horrorfilm Alien Resurrection (1997), am romantesche Kaméidisfilm Le fabuleux destin d'Amélie Poulain (2001), am Éischte Weltkrichsdrama Un long dimanche de fiançailles (2004), am satiresche Kaméidisfilm Micmacs à tire-larigot (2009) an am Abenteuerfilm iwwer e Wonnerkand The Young and Prodigious T.S. Spivet (2013).

Filmographie änneren

Kino änneren

vun 1980 bis 1989 änneren

vun 1990 bis 1999 änneren

vun 2000 bis 2009 änneren

vun 2010 bis 20.. änneren

Um Spaweck änneren