Poitiers

Franséisch Stad a Gemeng

Poitiers ass eng Stad a Gemeng an der Regioun Nouvelle-Aquitaine am Weste vun Zentralfrankräich. Et ass d'Prefektur vum Departement Vienne, an déi fréier Haaptstad vun der kultureller an historescher Regioun Poitou.

Poitiers
Den alen Zentrum vu Poitiers

Den alen Zentrum vu Poitiers
Den alen Zentrum vu Poitiers
Land Frankräich
Regioun Nei-Aquitaine
Departement Vienne
Arrondissement Poitiers
Kanton Poitiers 1 - 2 - 3
4 - 5 - 6 - 7
Postcode 86000
Gemengecode 86194
Koordinaten 46° 34’ 55’’ N
      00° 20’ 10’’ O
Fläch  4 211 ha
Bevëlkerung  87 906 (2011)

Poitiers huet ronn 90.000 Awunner, wouvun der bal 30.000 Studente sinn. Et ass eng Universitéitsstad (déi zweetgréisst an der Regioun no Bordeaux), wou zanter der Grënnung vun der Universitéit am Joer 1431 ë.a. de René Descartes, de Joachim du Bellay an de François Rabelais studéiert hunn. D'Uni schafft enk mat deene vu Limoges an Tours zesummen, an huet Antennen zu Angoulême an zu Niort.

Et läit um Clain an un der Boivre, an hat 2020 genee 90.033 Awunner, déi meescht am Departement. Mat der Agglomeratioun kënnt een (2020) op 133.890 Awunner, an esouguer op 281.020, wann een d'Anzuchsgebitt nach matrechent. D'Communauté urbaine du Grand Poitiers huet 196.530 Awunner (2020).

An der Agglomeratioun läit de Fräizäitpark Futuroscope, ronderëm deen eng Rëtsch Administratiounen an Entreprisen hire Sëtz hunn.

Poitiers war tëscht dem 10. an dem 13. Joerhonnert d'Haaptstad vum Herzogtum Aquitaine. Se gëtt alt d'Stad vun den 100 Kierchen (oder Kierchtierm) genannt, wourënner de Baptistère Saint-Jean (4. Jh.), den Hypogée des Dunes (7. Jh.), d'Kierch Notre-Dame-la-Grande (12. Jh.), d'Kierch Saint-Porchaire (12. Jh.) oder d'Kathedral Saint-Pierre (Enn 12. - uganks 13. Jh.) ervirzehiewe wieren.

Am historeschen Zentrum gëtt et eng Rëtsch Fachwierkhaiser, historesch Wunnhaiser (Hôtel Fumé, Hôtel Jean Beaucé) an de Palais vun de Grofe vu Poitiers- Herzoge vun der Aquitaine (12. Jh.), wou d'Aliénor vun der Aquitaine, Kinnigin vu Frankräich an du vun England, Haff gehalen huet.

Um Spaweck änneren

Commons: Poitiers – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och änneren