Diskussioun:Viktor Havlicek

Letzter Kommentar: viru(n) 10 Joer von Les Meloures in Abschnitt Untitled

Untitled änneren

Salut. Hei huet een eppes duerchernee bruecht. Den Edouard "Edy" Havlicek ass dem Viktor säi Brudder. De Viktor war net Trainer vu Lëtzebuerg, mee vun der Belsch. Den Edy war Trainer vu Lëtzebuerg. Daat heite Lemma muss deemno op Edouard Havlicek geréckelt ginn. D'Interwikilinks muss een deemno och korrigéieren. --213.194.42.100 14:22, 20. Aug. 2013 (UTC)Äntweren

Moien,
Firwat huet dann déi selwecht IP déi hei déi Bemierkung schreift e Redirect vum Edouard op de Viktor ugeluecht. --Les Meloures (Diskussioun) 14:27, 20. Aug. 2013 (UTC)Äntweren

Well deen heiten Artikel vu Viktor op Edouard geréckelt soll ginn. ;-)
Déi englesch Wikipedia huet genee Daten zu den zwee Bridder. Ech hunn als anonyme Benotzer leider net genuch Rechter fir dëse Problem ze léisen. Warscheinlech hunn ech mat all den Redirecten e bessche Chaos gemaach.
Ech wär frou, wann s Du dat maache kéinns, w.e.g.
Duerno kann ech och dem Viktor Havlicek seng Biografie schreiwen. --213.194.42.100 14:33, 20. Aug. 2013 (UTC)Äntweren


Remoien,
Nach just eng Fro: Ass dat wat op dëser Säit steet falsch?? http://eu-football.info/_manager.php?id=1092
Wann dat bis gekläert ass fuere mer weider mam Geréckels.
--Les Meloures (Diskussioun) 14:41, 20. Aug. 2013 (UTC)Äntweren

Jo, schéngt falsch ze sinn. Hei ass eng relativ gudd Erklärung zu de véier Havlicek Bridder. -- 213.194.42.100 14:55, 20. Aug. 2013 (UTC) http://de.wikipedia.org/wiki/Benutzer_Diskussion:Karloff_lugosi#Victor_HavlicekÄntweren


Do steet jo nawell vill. Dat dommt ass d'Wikipedia ka sech net als Quell uginn, a soss sinn d'Quelle ganz rar. Et misst een wann een Ännerunge mécht a Referenzen eraushëlt dat sou gutt wéi méiglech dokumentéieren. Et geet schonn un dermat datt de Viktor och soll nach Edy geheescht hunn (komesch oder net). --Les Meloures (Diskussioun) 15:13, 20. Aug. 2013 (UTC)Äntweren
D'Geréckels gouf verbessert an en Ufank fir den Artikel Edouard Havlicek gemaach. --Les Meloures (Diskussioun) 19:29, 20. Aug. 2013 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Viktor Havlicek".