Den Edouard Havlicek oder Edy Havlicek, gebuer den 20. Februar 1912 zu Wien, war en éisträichesche Foussballspiller an -trainer. Säi Brudder war de Viktor Havlicek.[1]

Edouard Havlicek
Gebuer 20. Februar 1912
Éisträich-Ungarn
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Famill
Geschwëster Viktor Havlicek

Hien huet vum 10. Abrëll bis den 8. Juni 1955 déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp als Trainer betreit, déi an där Zäit 3 offiziell Matcher gespillt huet.[2]

Als Foussballtrainer huet hie virun allem däitsch a lëtzebuergesch Ekippen trainéiert, ënner anerem Borussia Dortmund an d'Stade Diddeleng.

Gielercher änneren

  • 1949: Vize-Meeschter mat Borussia Dortmund[3]. D'Final huet Borussia Dortmund 2:3 géint VfR Mannheim verluer. De Match, dee virun 92.000 Spectateuren am Neckarstadion zu Stuttgart gespillt gouf, ass als Stuttgarter Hitzeschlacht an d'Geschicht gaangen.

Referenzen änneren

  1. Archive copy Archivéiert op 2013-07-28. Gekuckt de(n) 2013-08-21.
  2. Dem Edouard Havlicek seng Carrière als Trainer vun Nationalekippen op der Websäit vun European Football Cross-checken hunn erginn datt op dëser Säit de Viktor a säi Brudder an een Dëppe gehäit goufen. De Viktor war ni Trainer zu Lëtzebuerg
  3. Fotoe vun der Ekipp Archivéiert op 2013-05-16. Gekuckt de(n) 2013-08-21.