Diskussioun:Paschtéit
"D'Gefëlls dat dra kënnt ass zesummegesat aus klenggeschniddene Fleeschstécker, traditionell Héngerfleesch a Kalleffleesch (vun der Schëller), ..": - Déi Saach mam Kalleffleesch ass mär nei an ech hunn emol de grousse Pellaprat gefrot. Bei de Bouchées à la reine geet do Rieds vun engem Salpicon mat Hong, Champignonen an Trüffelen, gebonne mat Gefligelramzooss, oder Purree vum Hong a Ram gefëllt. Nix Kallef (et kënnen deeër jo och net iwwerall sinn). --Cornischong 22:34, 9 Dezember 2006 (UTC)
Salpicon ass sou wäit wéi ech weess e Gemësch vu Fleeschzorten an net vun Hong Chompignonen an Trëffelen. Seet de grouuse Pellaprat dann och wat e Salpicon ass Les Meloures 23:14, 9 Dezember 2006 (UTC)
- P.S.Um Internet stinn op d'manst nach 10 verschidde Rezepter souguer mat Schléken.
- Opjiddferfall déi mat den Tüffelen kan ech mer net leeschten soss kréien ech all Joer nëmmen eng Hallef :-))
Salpicon si Geméis- oder Fleeschstécker, déi a kleng Wierfele geschnidde sinn. Do geet et also nëmmen ëm d'Form. Den Internet mam Pellaprat ze vergläichen trauen ech mech net.--Cornischong 23:54, 9 Dezember 2006 (UTC)
- Definitioun déi ech fannen: Salpicon (spuenescht Wuert) Mélange de plusieurs sortes de viandes accompagnées de truffes et de quenelles pour garnir les croûtes feuilletées.
- Wann déi méi Gescheit sech net eens sinn waat solle mir da maachen Les Meloures 00:11, 10 Dezember 2006 (UTC)