Eng Paschtéit ass an der Kichesprooch e Kascht, deen aus engem Deeg besteet, dee mat enger sougenannter Farce gefëllt ass. Dës Farce kann aus reng geschniddenem oder gemuelenem Fleesch bestoen, an dat Gewierzer an aner Liewensmëttel ënnergemëscht ginn.

Eng Paschtéit

Dacks ass mat "Paschtéit" och e Plat gemengt, deen aus zwéin Deeler besteet, an zwar aus engem Gebäck aus Bliederdeeg, deen eng zylindresch Form huet a bannendran huel ass mat engem Deckelchen dobäi, an dem Gefëlls. Dofir gëtt och alt de franséischen Numm Bouchée à la reine[1] gebraucht.

D'Gebäck kann, wann et handwierklech gemaach gëtt, nach aner Formen hunn, wéi z. B. déi vun enger Barquette. Am ronne Standard hu s'een Duerchmiesser vu 7–8 cm a sinn tëscht 4,5 a 6 cm héich.

D'Gefëlls, dat dra kënnt, ass zesummegesat aus klenggeschniddene Fleeschstécker, traditionell Hénger- a Kalleffleesch vun der Schëller, neierdéngs och Schnuddelhong, an enger déckgebonnener Zooss. Jee no Regioun oder no Kach kann och nach Kallefszong a Pujel dra sinn.

D'Zooss huet als Basis eng Béchamelszooss déi mat Héngerbritt, Wäin, Zitroun an Eegiel verfeinert gëtt. Champignonen däerfen och net dra feelen.

Wann dat Ganzt agefëllt a sou gutt wéi fäerdeg ass, kritt d'Paschtéit de leschte Schlëff am Bakuewen, wou se virum Service nach 5 Minutte bei staarker Hëtzt op déi néideg Temperatur bruecht gëtt.

Am beschte passt dobäi e Ruländer oder e Riesling.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Deen Numm kënnt dohier, well d'Rezept vun der Kinnigin Marie Leszczyńska staamt, der Fra vum Louis XV. vu Frankräich